Search

You may also like

Esch2022: Wann d’Brillplaz erliicht gëtt
Neiegkeeten

Esch2022: Wann d’Brillplaz erliicht gëtt

Inspiréiert vun den traditionellen asiatesche Sandmandalaen huet d’Lëtzebuerger Kënschtlerin Martine

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“
Neiegkeeten

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“

Dir benéidegt nei Summer-Lecture? Éditions Phi presentéiert Iech seng zwee

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung
Neiegkeeten

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung

Nodeems sech den F91 verdéngt fir d‘Gruppephas vun der Europaleague

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun

Februar ginn d‘Geschécker vum CPL vum Joke Van der Stricht geleet

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun

De Regierungsrot huet d‘Nominatioun vum Joke Van der Stricht, déi vun der Justizministesch Sam Tanson virgeluecht gouf ugeholl. Domadder ass d‘Nofolleg vum Direkter Michel Lucius zum 1. Februar gekläert. Déi nei Direktesch iwwerhëlt de Poste fir siwe Joer. Si Kennt d‘Haus beschtens, déi studéiert Kriminologin ass zanter 2013 am CPL aktiv a säit 2016 d‘Directrice-Adjointe.

Aus dem Communiqué vum Justizministère geet ervir, datt d‘Joke Van der Stricht hir Studien op der fräier Universitéit zu Bréissel (ULB) absolvéiert huet. Si huet am CPL als „Attachée“ am Joer 2013 ugefaangen a gouf 2017 als Directrice-Adjointe verantwortlech fir d‘Beräicher „Detentioun“ an „Insertioun“.

Hir perfekt Kenntnis vum Milieu esou wéi d‘Bedeelegung un den normativen Texter am Kontext vun der Prisongsreform, ginn der Fra déi benéidegt Kompetenze fir d‘Direktioun ze iwwerhuelen. Ob déi allgemeng Situatioun zu Schrasseg elo ënnert der neier Direktesch besser gëtt? Dat schéngt net wierklech an Aussicht gestalt ze sinn. Ënnert dem Personal gëtt et heizou éischter Bedenken…

Foto: © Prisongsverwaltung

Related topics CPL, Joke Van der Stricht, Justizministesch, Prisong, Schraasseg
Next post Previous post