Search

You may also like

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika
Neiegkeeten

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

Lëtzebuerger Epidemiolog warnt viru Kontakter baussent der Famill
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Epidemiolog warnt viru Kontakter baussent der Famill

Den Dr. Joël Mossong ass Epidemiolog a verdéngt sech bei

Eng Fro vu guddem Wëllen
Neiegkeeten

Eng Fro vu guddem Wëllen

D‘US-Regierung werft deene Leit – déi si eegens a Plaz

Schraasseg: Neit Material fir eis Giischtercher

Schraasseg: Neit Material fir eis Giischtercher

Gutt Nouvelle hu mir fir eis Beamten aus de Prisongen. Ab September, esou d‘Informatioun, sollen d‘Giischtercher neit Equipement erhalen. Si solle virun allem materiell esou ausstafféiert ginn, datt si deene gewaltbereetste Klatzkäpp och eppes entgéint ze setzen hunn.

Déi sougenannten „Taser“, also Pistoulen déi kleng Nole verschéissen an dem Brigang en zolitte Stroumschlag verpassen, déi gëtt et net. Et muss een och soen, datt den Ëmgang domatter net ganz esou ideal ass wéi dat vun den Hiersteller versprach gëtt, an eigentlech en Häerzproblem duer geet fir de Rabbelkapp iwwert de Jordan ze joen.

An de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, betount, datt dann och all Agent vun der Agräifs-Trupp säi perséinlecht Geschir zougedeelt kritt. Dat mécht Sënn, well et villes beim Equipement gëtt, wou et dann awer net agreabel ass, et mat aneren deelen ze mussen. Dat huet natierlech och e Präis. An dësem Fall ginn 100.000 Euro agedroen.

Foto: Archiv – Les Meloures (CC BY-SA 3.0)

Related topics Centre Penitentiaire, François Bausch, Giischtercher, Schrasseg
Next post Previous post