Search

You may also like

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
Kultur Neiegkeeten

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!
Kultur Neiegkeeten

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!

Nodeems de Covid-19 zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet d’Regierung schnell

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“
Kultur Neiegkeeten

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“

Et ass zur Traditioun ginn an zudeem och e Magnéit

Gesicht: Schrëftsteller a Komponisten

De Kulturministère mécht en Opruff zum Areeche vun Demanden zugonschte vum artistesche Schaffen sou wéi der literarescher Verëffentlechung

Gesicht: Schrëftsteller a Komponisten

De Kulturministère verfollegt seng Politik weider. En huet Moossnamen zur Fërderung vum kënschtlereschem Schaffen entwéckelt, déi anengems, déi am Mee 2020 ageleete Beméiungen erneiere sollen, déi an Ugrëff geholl goufen, fir de Kultursecteur aus dem Grëff vun de sanitären Auswierkungen ze befreien.

Ënnerstëtzung fir professionell Editioune fir den Ausbau vun der Unzuel u Fiktioun an / oder Saachbicher

Fir déi redaktionnell Aktivitéiten ze fërderen, déi vun der Gesondheetskris am Zesummenhang mam Coronavirus schwéier getraff goufen, fuerdert de Kulturministère elo dozou op Virschléi fir Projeten, déi fir professionell Editioune mat reegelméisseger Produktioun bestëmmt sinn, anzereechen. Dës Hëllef soll dorop ofzilen, d’Unzuel vun den am Joer 2021 verëffentlechte Belletristik- oder Saachbicher ze erhéijen an d’Käschte fir d’Produktioun, de Vertrib vun den Verëffentlechung ze decken.

Weider Informatioune fannt Dir natierlech um Site vum Kulturministère

Bewerbunge fir Musekskompositiounen

Och d’Musekswelt kritt vum Kulturministère ënnert d’Äerm gegraff. An dësem Kader fuerdert de Ministère d’Areeche vun Demandë fir Musekskompositiounen, fir néng Orchesteren oder Ensembel fir d’Saison 2021/2022. D’Schreiwe vun neie musikaleschen Originalwierker, stellt eng vun den Haaptachse vun der ëffentlecher Politik duer. Dëst muss ënnerstëtzt ginn andeems d’Schafung vu Museksprojeten ugereegt ginn – dat féiert zur Erneierung vu Repertoirë bäi. Och d’Aarbecht vun de Komponiste muss ënnerstëtzt ginn. Des weidere soll eng Diversitéit vun der Offer garantéiert ginn, andeems musikalesch Strukturen encouragéiert ginn, Wierker vun zäitgenëssesche lëtzebuergesche Komponisten ze programméieren.

D’Partner vun de Projeten an Interprete vun de Kompositioune sinn:

  • Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL);
  • Militärmusek;
  • Nationale Jazz-Orchester;
  • Luxembourg Wind Orchestra;
  • United Instruments of Lucilin;
  • Kammerata Luxembourg;
  • Kummerorchester Lëtzebuerg;
  • Solistes européens Luxembourg;
  • Ars Nova Luxembourg.

Och fir dëse Volet huet et eng Internetsäit um Site vum Kulturministère

Illustratioun: © Toa Heftiba / unsplash

Related topics Fërdermëttel, Komponisten, Kultur, Kulturministère, Schrëftsteller
Next post Previous post