Search

You may also like

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer
Kultur Neiegkeeten

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier
Kultur Neiegkeeten

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier

Nodeems déi japanesch Regierungspartei LDP den Yoshihide Suga zum Parteipresident

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?
Kultur Neiegkeeten

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?

Den Autofestival huet hei am Land en héije Stellewäert, wat

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“

Um vergaangene Freideg ass eist gréisst Volleksfest nees an eng nei Editioun gaangen: D’Schueberfouer 2019 huet seng Dieren opgemaach! Um haitege Moien duerft och d’Press een Abléck an de Verlaf vum Weekend kréien. Souwuel d’Organisateuren, wéi och d’Foraine weisen sech immens zefridden.

Fir esou richteg a Stëmmung ze komme war et um Uergelmeeschter, fir mam Hämmelsmarsch den Toun unzeginn. No dëser passender Introduktioun hunn de Charles Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen an de Patrick Goldschmidt, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg d’Wuert ergraff. Dobäi sinn si als éischt op d’Evenementer vun dëser Woch agaangen.

Muer ass nämlech den Dag vun de Buergermeeschteren, woubäi um 17:00 Auer déi zuelräich Buergermeeschtere beim Groussen Theater empfaange ginn, ier si dann den Tour iwwert d’Fouer woen. Um Mëttwoch kann een de ganzen Dag iwwer vu reduzéierte Präisser profitéieren, et ass jo Familljendag. Um Donneschdeg maachen d’Wäikinniginnen hiren traditionellen Acte de Présence op der Fouer.

Esou kann et weider goen!

Scho bei der Erëffnung war de Site vum Glacis schwaarz vu Leit. Wéi vill et der genau wieren, ass leider net gezielt ginn, allerdéngs geet ee vu ronn 100.000 Visiteuren aus. Donieft sinn och keng gréisser Tëschefäll opkomm, wouduerch een de Weekend a Kombinatioun mam super Wierder als gelongenen Optakt vun der Schueberfouer wäerte kann. De Patrick Goldschmidt kann do just soen: “Bis elo ass alles perfekt!”

Wien an den nächsten Deeg bis op de Lampertsbierg kënnt – am beschte mam ëffentlechen Transport – dee sollt net vergiessen, um Lämmy Gewënnspill deelzehuelen an esou d’Chance op eng Rees an den Europapark Rust ze ergräifen. Um leschten Dag vun der Fouer wäert de Patrick Goldschmidt de gléckleche Gewënner zéien. Keeft ee sech dann och nach ee Lämmy Petzi, esou huet een an engems Sue fir de gudden Zweck gespent. Dës Kéier geet den Erléis nämlech un d’Affer vum Tornado.

Ausbeutung an ze deier Präisser?

Och wa fir d’Organisateuren an dësem Joer alles tip top verleeft, esou hu si mat staarker Kritik ze kämpfen. Zum engen ass een op d’Ausso agaangen, datt d’Studenten, déi op der Schueberfouer schaffen, ausgenotzt an ausgebeut ginn. De Charles Hary widderleet dëst mat de staarke Kontrollen, déi all Joer bei de verschiddene Stänn gemaach ginn. Natierlech ginn et iwwerall schwaarz Schof, mee doduerch, datt verschidde Studenten sech schonn iwwer Joren um Glacis ee Su dozou verdénge wëlle beweist, datt si net onzefridde mat der Aarbecht sinn.

Zum aneren ass ee weidert Thema déi deier Präisser. Heizou gëtt et d’Erklärung, datt den ëffentlechen Transport an déi ganz Opmaachung – sou laang ee se jo just kuckt – gratis wieren. Et géif keng Entrée gefrot ginn a wien näischt drénkt, näischt ësst an op kee Spill geet, dee kënnt bëlleg ewech. Sollt ee sech et also net leeschte kënnen, soll ee sech um Geliichts an um Doft vun Zockerwatt, Fritten an Churros amuséieren. Wat een elo vun dëser Ausso hält, ka jiddweree fir sech selwer entscheeden.

Donieft wieren hei zu Lëtzebuerg och d’Präisser vun de Spiller selwecht oder souguer méi bëlleg, wéi am Ausland. Et sollt een also net ze vill schlecht iwwert d’Präisser schwätzen.

Wat d’Foraine soen

Beim Accueil vun der Press waren natierlech och sou munch Foraine mat dobäi, fir hir Meenung zur Fouer ofzeginn. Den Här Hofnagel ass beispillsweis mat senger ganzer Famill mam Aeronaut present. Schonn am leschte Joer war hie mam Infinity dobäi an ass nees immens zefridden. Et hätt ee richteg Chance mam Wierder an hie selwer huet keng Kritik ze äusseren.

Nach bis den 11. September kënnen d’Visiteuren d’Schueberfouer mat sengen 231 Geschäfter besichen. De ganze Programm fannt Dir bei eis oder op fouer.vdl.lu. Wann Dir méi zur Geschicht vun der Fouer wësse wëllt, da kuckt emol HEI laanscht.

Related topics Charles Hary, Fouer, Glacis, Lämmy, Lämmy On Tour, Lampertsbierg, Patrick Goldschmidt, Schueberfouer 2019
Next post Previous post