Search

You may also like

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun
Kultur Neiegkeeten

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun

Well Polen op en neits géint d‘Reegele verstouss huet, huet

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?
Kultur Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?

[onionbuzz quiz-id=23][/onionbuzz] D’Natur zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Dat

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!
Kultur Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt opgrond de besonnesch héijen

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Eigentlech ass d‘Erëffnung vun der Schueberfouer d‘Geleeënheet fir eis Politiker sech emol nees a Pose ze setzen, wat duerchaus säi Charme a seng Berechtegung huet. Si kommen dann och éischter net fir „Politik“ ze maachen, mee enger Traditioun Rechnung ze droen a gutt Laun ze verbreeden.

Schueberfouer

En Dag tëscht Traditioun a politescher Rentrée. Et ass eist gréissten an Eelste Volleksfest an datt et dat nach gëtt, hu mir och dëse Politiker ze verdanken. An et ass geséchert, datt d‘Fouer bis mindestens 2030 nach um Glacis stattfënnt. Schueberfouer: och dat ass „Lëtzebuerg“.© Martine de Lagardère/moien.lu

Dëst Joer awer, gouf déi 679. Ouverture vum eelste Lëtzebuerger Volleksfest eppes „gestéiert“ och wann – an eigentlech ass et schued – si sech net vun der Demonstratioun fir de Klima vun hiren Ziler oflenke gelooss hunn. Youth For Climate hat sech nämlech och invitéiert, an zu hirer ronn 50 Mann a Frae, géint d‘Äerderwiermung an d‘Ontätegkeet vun der Politik demonstréiert.

Schueberfouer

Fir déi eng ass et nëmmen eng Schéissbud, fir eis e Lëtzebuerger Traditiounsbetrib. Einfach ass dat Liewen allerdéngs net, wat hei alles un Aarbecht derhannert stécht, erziele mir iech an engem gesënnerten Artikel. © Martine de Lagardère/moien.lu

E Problem deen all déi uwiesend Politiker wëllen erkannt hunn an deem se sech – eegenen aussoen no – dann och verschriwwen hätten. Hei hätten si d‘Geleeënheet gehat, zumindest symbolesch der Aktioun zouzespriechen. Dat eleng géif de Klima wuel net retten, mee dat mécht och déi wierklech kleng Demo net. Ass och net de sprangende Punkt. De Klima kann een nëmmen zesumme retten…

Schueberfouer

Zanter eng gefillter Éiwegkeet ass dat „eist Riserad“. Gutt et verbraucht eppes Stroum, mee dofir kënnt een hei Héich eraus. Wien den Iwwerbléck net wëll verléieren, sollt onbedéngt eng Ronn dréinen, © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee et ass och erlaabt, bei aller Ënnerstëtzung d‘Aktioun „a fro ze stellen“. Wann et absolut an der Rei ass sech der Dommheet vun der Mënschheet an de Wee ze stellen, un alle Fënsteren an Dieren ze klappe fir op eng ganz reell existenzbedreeënd Gefor hinzeweisen, esou sollt d‘Zäit an d‘Plaz gutt gëeegent sinn, wat – zumindest aus eiser Siicht – net bei der Fouer-Erëffnung de Fall ass.

Schueberfouer

Geschécklechkeet a „gewosst wéi“… da kann s de däin Äffchen och mat heem huelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dofir ass et awer och nees ëm esou méi wichteg ganz däitlech ze ënnersträichen, datt d‘Olga dat mam Megaphon kloergestallt huet, datt sech hir Aktioun a kengem Fall géint d‘Forainen an d‘Fest u sech riicht. Et géif villméi drëms goen, vun der Presence vun de Politiker ze profitéieren, fir déi no der Vakanz drun ze erënneren, datt et do eng „Prioritéit gëtt déi d‘Mënschen op der Äerd betrëfft“.

Schueberfouer

D‘Welt an de Mënsch… alles dréit sech Krees. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Recht ass alles wéi gewinnt ofgelaf. D‘Buergermeeschtesch huet d‘Bändchen zerschnidden a wien no genuch dru war, krut e Wutz dovunner. Uschléissend ass eng Ronn iwwer d‘Plaz gemaach an och dat eent oder anert „Spill“ besicht ginn. Nom groussen Tour ass dann zesumme d‘Brioche an d‘Hamm, dat mat engem gällesche Pättche Wäin, bei ausgeloossener Stëmmung genoss ginn.

Foto: Si haten sech selwer agelueden: Youth for Climate Luxembourg huet och zur Geleeënheet vun der Schueberfouer der „Spaassgesellschaft“ de Spigel virgehalen. Et ass erlaabt de Kontext a fro ze stellen, an d‘Aktioun riicht sech net géint d‘Fest an/oder d‘Forainen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics gebakene Fësch, Jang de Blannen, Lämmy, Riserad, Schueberfouer, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post