Search

You may also like

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch
Business Kultur Neiegkeeten

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matdeelt hunn um fréie Moien 3 Garagen

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit
Business Kultur Neiegkeeten

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit

Nodeems de Regierungschef Giuseppe Conte e Mëttwoch fir unzefänken dem

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence
Business Kultur Neiegkeeten

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…

D‘Fréijoer ass nach jonk an dobaussen ass et zuweilen éischter „Frësch“, firwat sech d‘Leit ee puer waarm Gedanke maachen. Wann et nämlech soll zu enger Schueberfouer 2021 kommen, da misst et esou lues zumindest ee puer virsiichteg Annonce vun der Stad Lëtzebuerg ginn. Dat awer ass wuel net de Fall. Dofir huet op Facebook zwou Säiten, déi dru gleewen…

Wat wëssen déi, wat de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot net wëssen? Esou wéi sech den Ament duerstellt, sollt een de Mënsche keng Fléi an de Kapp setzen. Aktuell, an dat ass jo wuel bei jidderengem ukomm, hu mir nach ëmmer Pandemie an dat dierft och mat der sech gutt duerstellender Impfcampagne, nach eppes esou bleiwen. Vun de Mutanten emol ganz ofgesinn.

An esou heescht dann och haut aus dem Stater Etat-Major: „Et gouf nach keng offiziell Decisioun geholl. Den Ament muss een d‘Situatioun am A behalen an och kucken, wéi sech d‘Impfstrategie bewäert. Spéitstens am Mee awer muss de Gemengerot dozou eng Entscheedung huelen“. Dorop waarden natierlech och d‘Schausteller a déi sëllege Bedreiwer vun de Fudderkrëppen a Bistroen.

Schueberfouer

Déi Lëtzebuerger Foraine wäerten sech allerdéngs hidden Drock ze maachen. Engersäits wëssen si, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech de sanitäre Contrainten no ze riichten huet. Gewosst ass och, datt keen am ganze Gemengerot ze fannen ass, deen eng weider Ofso vum gréissten nationale Volleksfest elo begréisse géif, éischter de Géigendeel ass de Fall. D‘Foraine bereeden allerdéngs elo näischt vir.

Och dat ass verstänneg. Et kann ee sech net ouni zolidd a fundéiert Perspektive fir vill Geld mat Material andecken, wann et keng Fouer huet, wou dat alles un de Mann, d‘Fra an d‘Kand bruecht gëtt. An och déi auslännesch Forainen, bréichten eppes weider, wéi just eng „Aussiicht op d‘Fouer“, well natierlech muss et wirtschaftlech bleiwen. Mat Restriktiounen awer ass dat séier a Fro gestallt.

Schueberfouer

Déi gutt gemengten Alternativ vun 2020, wou d‘Stad Lëtzebuerg jo als „Ersatz“ fir d‘Fouer, sengen Awunner Quartier-Kiermessen ugebueden huet, kann een natierelch widderhuelen. Sécher hunn hei éischter d‘Butzen, d‘Krapperten an d‘Knetzele profitéiert, wéi déi „Erwuessen“ mee et geet jo wuel och prioritär ëm si. Déi „Grouss“ wëssen sech jo anescht ze hëllefen, mee dat ass keen Trouscht.

Fir d‘Foraine wier et dat zweet Joer a Folleg, wou si dem Rimm nees ee weidert Lach misste pëtzen an do hält dann awer och de Spaass op. Sécher, och si ginn net vun der ëffentlecher Hand verstouss, an natierlech géifen si och 2021, wann et net anescht wéi mat Quartier-Kiermessen ze maachen ass, nees kooperéieren. Fir den Ament heescht et Gedold opbréngen, an doranner ass ee jo elo geüübt…

Illustratioun: © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Forainen, Glacis, Schausteller, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg, Volleksfest
Next post Previous post