Search

You may also like

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
Kultur Neiegkeeten

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch
Kultur Neiegkeeten

Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch

Här Minister, Mir schreiwen Iech am Numm vu „Voix de

Keng Neiwahle virum Brexit
Kultur Neiegkeeten

Keng Neiwahle virum Brexit

Um leschte Sëtzungsdag virun der Zwangspaus wollt de Boris Johnson

678. Schueberfouer: Offiziell Ouverture am Zeeche vun der Traditioun

678. Schueberfouer: Offiziell Ouverture am Zeeche vun der Traditioun

Vill Gedrécks a wéineg ze gesinn, dat ass den éischten Androck deen eis vun der Ouverture vun der 678. Editioun vun der Schueberfouer gëschter Owend bliwwen ass. Vill Virwëtzeger an nach emol esouvill politesch Kandidaten, déi awer alleguerte verséchert hunn, aus „Traditioun“ komm ze sinn, a net wëll am Oktober Chamberwahle sinn…

Zimlech pünktlech um 17 Auer huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) d‘Bändchen duerch geschnidden, an uschléissend d‘Loftballone géint der Himmel fléie gelooss. Net datt dat gutt fir d‘Ëmwelt wier, mee et gesäit esou schéin aus. Hannert a nieft der Buergermeeschtesch, vill Vertrieder vum Schäfferot, der Regierung an Kandidaten déi erfreet wieren, och zu engem vun dëse Mandater ze kommen.

Traditioun

Wie virwëtzeg ass muss kreativ sinn, a wéi dat geet, demonstréiert de Krappert op eisem Bild. © Martine de Lagardére/moien.lu

Der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) kann een allerdéngs net de Virworf maachen si wier wéinst de Chamberwahle komm. Si kënnt schonn „ëmmer“, an war och an hirer Funktioun als Presidentin vum Stater Geschäftsverband, dësem grousse Volleksfest verbonnen. Si stellt zudeem fest, datt déi allermeeschte wéinst der Traditioun, an net der Foto kommen. Et kéim ee fir sech ze amuséieren, net méi net manner.

An déi Ausso kann de Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler (ouni datt sech béid ofgeschwat hätten) esou bestätegen. Hie selwer kënnt schonn zanter 30 Joer, a war gëschter a Begleedung vu senger Fra an dem Enkel. Et ass awer erlaabt ze behaapten, datt een, wann dat politescht Zil d‘Mandat vum Premierminister ass, ee verflicht ass, sech am Kontext vun der Schueberfouer-Ouverture dem Bierger ze weisen.

Traditioun

E schéint Bild ass et wann sech d‘Loftballonen an de Landesfaarwe géint der Himmel erhiewen. Ëmweltfrëndlech ass dës Aktioun net, a bei allem Versteesdemech fir Traditioun, hei sollt d‘Stad Lëtzebuerg sech iwwerleeën, op dat nach zäitgeméiss ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat fir déi „Grouss“ gutt a richteg ass, kann deem klengen net schueden. Fir de Sven Clement, President vun der Piratepartei, ass dëst Volleksfest säit elo bal 700 Joer ee vun de wichtegsten Evenementer vum Land, an d‘Geleeënheet sech engersäits ze weisen, mee och de Bols vum Wieler ze fillen. Traditioun a Kommunikatioun, d‘Fundamenter vun enger biergernoer Politik, och datt e gutt Argument bei der Ouverture um Start ze sinn.

De LSAP-Kandidat Marc Angel, verbënnt d‘Fouer och net mat politeschem „Aktivismus“. Et wier een zesummen hei fir sech ze amuséieren, e gudde Moment zesummen ze verbréngen. Mee d‘Fouer ass och „Erënnerung“. Fir de Stater Conseiller a Deputéierten, ass d‘Schueberfouer-Ouverture och gläichbedeitend mat „Enn vun der Vakanz, Ufank vun der Schoul“. Hie kënnt awer gären, och wann d‘Spiller net sou senges sinn, well him do ëmmer den Dapp geet.

Traditioun

Si gehéieren zur Traditioun, a solle vläicht och drun erënneren, datt eis Schueberfouer viru laanger Zäit och emol eppes mat Véihandel ze dinn hat © Martine de Lagardère/moien.lu

Och déi gréng, vun deenen ee sech géif erwaarden, datt si vill gutt Grënn missten hunn, fir d‘Fouer a Fro ze stellen (Knascht, Kaméidi a vill ze vill Plastik) versetzen an der Fouerzäit hir ideologesch Ziler an de „Ruhemodus“. An d‘Sam Tanson, Conseillère an Deputéiert, stellt fest, datt d‘Fouer e ganz faarwegt Volleksfest ass, dat e sech net soll entgoe loossen. Richteg esou. Et gëtt nieft Politik oder Aarbecht, och nach e Liewen…

Fir den éischte Schäffen an Deputéierte Serge Wilmes (CSV) ass et déi éischt Schueberfouer an „offizieller Missioun“. Hien ass vun der Stäreplaz aus mam Tram op d‘Fouer komm, a kann et nëmme jidderengem un d‘Häerz leeën. No engem ausféierlechen Tour, hunn se alleguerte bei Ham a Brioche, begleet vun engem gudde Pättchen, dëse schéinen Ament nach emol virun Ae gefouert. An et dierf ee bal sécher sinn, datt och bei der 679. Editioun déi meescht nees mat derbäi sinn.

Traditioun

Eng Ronn um Kette-Karussell oder awer léiwer nëmme mam Riserad fueren? Op der Schueberfouer gëtt engem villes gebueden. © Martine de Lagardère/moien.lu

Titelfoto: Vill Prominenz bei der feierlecher Ouverture vun der 678. Editioun vun der Schueberfouer. Awer nëmmen d‘Buergermeeschtesch dierf d‘Schéier benotzen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Lydie Polfer, Schueberfouer 2018, Serge Wilmes, Traditioun, Volleksfest
Next post Previous post