Search

You may also like

65 Joer BRAVO: E Stéck Jugendkultur feiert Gebuertsdag!
Kultur Neiegkeeten Sport

65 Joer BRAVO: E Stéck Jugendkultur feiert Gebuertsdag!

Et war an ass nach ëmmer de beléiftsten däitsche Jugendmagasinn,

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel
Kultur Neiegkeeten Sport

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel

Den Tourismusminister Lex Delles huet iwwert d’sozial Medien matgedeelt, dass

Wann al Gemaier „wibbeleg“ ginn
Kultur Neiegkeeten Sport

Wann al Gemaier „wibbeleg“ ginn

Wéi de Kulturministère gëschter matgedeelt huet, war schonn ee Freideg

„Schumacher“ op Netflix: Tëscht dem Mënsch an der Legend

„Schumacher“ op Netflix: Tëscht dem Mënsch an der Legend

E Mëttwoch ass den Documentaire, deen dem siwefachen däitsche Formel 1-Weltmeeschter gewidmet ass, op Netflix erauskomm. Dobäi gëtt op déi exzeptionell Karriär vum Pilot zeréckgekuckt. Seng Fra Corinna a säi Bouf, de Mick äussere sech hei och zum dramatesche Ski-Accident vun 2013.

En dréit de kuerzen Numm „Schumacher“ a gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Famill realiséiert. Dësen Documentaire weist déi zwou Säite vum Michael Schumacher. De Pilot aus bescheidenem Ëmfeld, dee sech mat wéinege Mëttel seng Plaz am Automobilsport erkämpft huet, awer och d‘Legend, zu där hie sech entwéckelt huet an déi der Formel 1 nom Dout vum Ayrton Senna den 1. Mee 1994 en neie Wand ginn huet.

Dobäi bezitt sech d‘Wierk vill op d‘Famill Schumacher, den enke Bond zu senger Fra Corinna an zu senge Kanner Gina-Marie a Mick, dee mëttlerweil och selwer F1-Pilot fir Haas ass. Mir begéinen dem Michael hannert de Kulissen, wäit ewech vum kale Bild, dat hien heiansdo an de Paddocks vun der F1-Weltmeeschterschaft hannerlooss huet.

„Natierlech feelt de Michael mir, all Dag“

Wärend quasi zwee Joerzéngten huet de Michael Schumacher sech reegelrecht Kämpf op de Piste geliwwert.

Tëscht sengem Debut an der Konfrontatioun mam Ayrton Senna zu Magny-Cours, dem uschléissenden Dout vum brasilianesche Pilot, deen de Schumacher immens matgeholl huet, hin zu sengem Opstig am Sport – bei „Schumacher“ kommen och déi zu Wuert, déi dem siwefache Weltmeeschter no komm sinn, sou wéi beispillsweis de Flavio Briatore, de Jean Todt, säi fréiere Manager Willi Weber, mee och de fréiere Ferrari-President Luca Di Montezemolo, de Ross Brawn an eng Rei Piloten, dorënner säi fréieren Ekippemember Eddie Irvine.

Déi lescht Partie vum Documentaire ass wuel am emotionaalsten an dréit ëm de Ski-Accident vum Michael Schumacher am Dezember 2013. Konfrontéiert mat dësem Thema ka seng Fra Corinna d‘Tréinen net zeréckhalen: „Natierlech feelt de Michael mir, all Dag. Mee hie feelt net just mir. De Kanner, der Famill, sengem Papp, der ganzer Welt ronderëm hien. Ech wëll domat soen, datt de Michael jidderengem feelt, mee de Michael ass do. En ass anescht, mee en ass do, an dat gëtt eis Kraaft.“

Säi Jong Mick, dee sech quasi nach ni an der Ëffentlechkeet zu dësem Thema geäussert huet, verweist op d‘Schwieregkeet vun dëser Situatioun fir d‘Famill: „Zënter dem Accident existéieren dës Erfarungen, dës Momenter, déi vill Mënsche mat hiren Elteren erliewen, net méi oder just wéineg“, erkläert hien. „Menger Meenung no ass dat onfair.“

Am Bezuch op d‘Méiglechkeet mat sengem Papp iwwert seng Erfarungen am Automobilsport schwätzen ze kënnen, seet de Mick just „Ech ginn alles dofir!“

Related topics Automobilsport, Corinna, Documentaire, Ferrari, Formel 1, Legend, Michael Schumacher, Mick, Netflix, Pilot, Schumacher
Next post Previous post