Search

You may also like

money
Den Ament flitt d‘Luxair nach op London
International Neiegkeeten

Den Ament flitt d‘Luxair nach op London

Wéi et säitens der Luxair-Direktioun um Sonndegmuere matgedeelt gouf, hätt

Den Ernest an d’Célestine feiere 40 Joer
International Neiegkeeten

Den Ernest an d’Célestine feiere 40 Joer

D’Geschicht vum grousse Bier an der klenger Maus huet eng

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail
International Neiegkeeten

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail

Bei scho bal summerlechem Wieder, huet den 9. DKV-Urban Trail

Wéi kënne Mënsche geschützt ginn, déi op Plattforme schaffen?

Wéi kënne Mënsche geschützt ginn, déi op Plattforme schaffen?

D’Europäesch Kommissioun huet eng éischt Phas ageleet: An enger Consultatioun mat den europäesche Sozialpartner hunn si no Iddie gesicht, wéi d’Aarbechtsbedéngunge vun de Mënschen, déi op digitale Plattforme schaffen, verbessert ka ginn.

Tatsächlech ass et esou, datt d’Plattformaarbecht an der EU eng rasant Entwécklung ze mellen huet. Doduerch gëtt méi Flexibilitéit souwéi Beschäftegungs- an Akommesméiglechkeete garantéiert – an dat och fir Mënschen, déi et um traditionelle Marché schwéier hunn.

Et ass awer esou, datt bei bestëmmte Plattformaarbechten d’Aarbechtsbedéngungen net ideal sinn. Dëst weist sech ënnert anerem un engem Mangel un Transparenz, Sécherheet- a Gesondheetsschutz sou wéi engem schlechten Zougang zum Sozialschutz.

An da ginn et weider Erausfuerderungen, wéi zum Beispill grenziwwergräifend Plattformaarbecht an dem algorithmesche Management. Fakt ass, datt d’Corona-Pandemie den digitale Wandel beschleunegt huet, ouni dës Plattformen, wär et am Lockdown net méiglech gewiescht, Zougang zu verschiddene Déngschtleeschtungen ze hunn. Gläichzäiteg huet dëse Wandel dozou bäigedroen, erauszefannen, datt d’Aarbechtsbedéngunge fir dës Mënschen nawell prekär sinn a verbessert musse ginn.

Dës éischt Phas an der Consultatioun soll sechs Woche laang lafen, d’Léisung selwer soll spéitstens Enn 2021 presentéiert ginn.

Margrethe Vestager, déi zoustänneg Vizepresidentin vu „Ein Europa für das digitale Zeitalter“ seet dozou: „Dat digitaalt Zäitalter mécht et Entreprisen, Verbraucher*innen, Bierger*inne méiglech nei Méiglechkeeten ze fannen. Plattforme kënnen hëllefen Aarbechtsplazen ze schafen an nei Geschäftsiddien auszetesten. Bei all dëse Virdeeler, däerfe mir net vergiesse sécherzestellen, datt eis europäesch Wäerter och an der digitaler Welt gëllen. Mir mussen dofir suergen, datt dës Aarbecht nohalteg a fair bleift.“

Den Nicolas Schmit, zoustänneg fir Beschäftegung a sozial Rechter ass där selwechter Meenung. Et ass nawell eng Erausfuerderung de Klimaschutz, d’Digitaliséierung an den demografesche Wandel ënnert een Hutt ze bréngen. Elo bleift nëmmen ofzewaarden – an ze hoffen, datt Léisunge fonnt ginn, déi jiddwereen zefridde stellen.

Opmaacherbild: © Parker Byrd / Unsplash

Related topics Aarbechtsbedéngungen, Consulatioun, digital Plattform, Europäesch Kommissioun, Flexibilitéit, Schutz, Sécherheet, Sozialpartner
Next post Previous post