Search

You may also like

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?
Neiegkeeten WTF

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Mer hunn den éischten Dezember, den éischte Schnéi huet d‘Landschaft

D’Galeries Lafayette Lëtzebuerg hunn en neien Direkter
Neiegkeeten WTF

D’Galeries Lafayette Lëtzebuerg hunn en neien Direkter

Mam Laurent Dufraisse hunn d’Galeries Lafayette zu Lëtzebuerg zanter dem

Geschlechtergläichheet gëtt et net!
Neiegkeeten WTF

Geschlechtergläichheet gëtt et net!

Wann d‘Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra e kloert

surprise

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Bei der Sëtzung vum Syvicol an der Märei zu Lëtzebuerg, huet de President Emile Eicher ee besonnesche Punkt missen op d‘Dagesuerdnung setzen, dee mindestens esou onerwaart wéi erschreckend ass. Esou heescht et, datt ee Buergermeeschter am Kontext vu sengem politesche Congé, vu sengem Patron entlooss gi wier.

Do wou et dann zolidd bosseg gëtt, ass d‘Feststellung, datt dat vollkomme legal ass. Am Géigesaz zu eisen Nopere gëtt et fir de Kommunalpolitiker kee Statut, den dëse virun enger Entloossung schütze géif. Hei bréicht elo dréngend eng Léisung, firwat de Syvicol en Aarbechtsgrupp asetze wëll, deen sech dësem Problem unhuele soll.

Et misst folgerichteg legiferéiert ginn, an den Emile Eicher huet drop higewisen, datt ee bei der fir déi nächst Woch programméiert Entrevue mat der Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) dëse Punkt muss beroden. An dësem Kontext sollen och d‘Gemenge an extern Juriste consultéiert ginn. Dat awer misst zäitno iwwert d‘Bün goen.

De Syvicol-President gëtt ze bedenken, datt wann esou „Beispiller“ Schoul géife maachen, an een als Kommunalpolitiker an Ausübung vum Mandat muss ëm seng Aarbechtsplaz fäerten, kee Jonke géif de Risk op sech huelen, a sech ëm ee politescht Mandat a senger Gemeng géif beméien. Deem muss entgéintgewierkt ginn, méiglechst séier.

Et ass zudeem nach ze befierchten, datt – emol ofgesinn datt et am presente Fall ëm dat héchsten Amt an der Gemeng geet – Patrone souzesoen „indirekt“ Afloss op d‘Gemengepolitik kënnen huelen. Well och fir d‘Schäffen oder d‘Gemengeconseilleren, gëtt et aktuell kee Statut, mat deem hir politesch Aktivitéite geschützt wieren.

Well d‘Sëtzung vum Syvicol nëmmen am virtuelle Raum ze verfollege war, konnt net nogefrot ginn, ëm wéi ee Buergermeeschter et sech handelt a wien dësem säi Patron ass. Et léisst sech dann och net feststellen (oder nofroen) ob et sech bei dëser Entloossung ëm ee wirtschaftlech begrënnte Licenciement handelt, oder dee politesch motivéiert ass.

Et dierf een awer festhalen, datt ee Statut, dee Kommunalpolitiker virun Entloossung schützt, eppes Essentielles an enger Demokratie sollt sinn. Datt et esou eppes bis ewell net ginn huet, firwat dann och kengem d‘Feele vun esou engem Statut opgefall ass, sief dohigestallt. Wichteg ass et elo, deem Ganze séier ze begéinen an dat nozehuelen.

Related topics Buergermeeschter, Conseiller, Emile Eicher, Kommunalpolitik, Schäffen, Schutz, Statut, Syvicol
Next post Previous post