Search

You may also like

Onofhängegen Ënnersichungsmechanissem fir Myanmar
International Neiegkeeten

Onofhängegen Ënnersichungsmechanissem fir Myanmar

Wéi déi burmesesch Arméi 2017 mat alle „Mëttel“ géint d‘ethnesch

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet
International Neiegkeeten

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

Duerchbroch bei de Gehälterverhandlungen am Ëffentlechen Déngscht
International Neiegkeeten

Duerchbroch bei de Gehälterverhandlungen am Ëffentlechen Déngscht

An enger nach ni do gewieschte Pandemie, huet d‘CGFP nees

Bessere Schutz fir Migranten an Nordafrika

Bessere Schutz fir Migranten an Nordafrika

Gewalt a bewaffent Ausenanersetzungen, mee natierlech och d‘Aarmut, feelend Perspektiven, déi scho bal traditionell Korruptioun an den Déifstall vun de Ressourcen duerch politesch gestäipte Konzerner, dat alles dréift d‘Leit an d‘Flucht. Eng Flucht a Richtung Europa, déi bekanntlech iwwer d‘Mëttelmier erfollegt. Natierlech ass kee gewëllt sech den Ursaachen unzehuelen.

Dat bréngt mat sech datt déi Vereenten Natiounen, also eigentlech d‘UN-Flüchtlingswierk UNHCR elo op en Neits en Appell un déi international Communautéit geriicht huet. D‘UNHCR bréicht 100 Milliounen US-Dollar, fir Migranten an Afrika op hirem Fluchtwee iwwert d‘Mëttelmier besser ze schützen. Ee Schutz allerdéngs, deen d‘EU mëttels Frontex ganz geziilt a bewosst verhënnert.

Laut dem UNHCR sinn eleng wéinst Gewalt-/Konfliktsituatiounen an der Sahelzon, 2,9 Millioune Mënschen op der Flucht. Gesäit ee vun der „Donkelziffer“ of, esou wieren entspriechend dem UN-Flüchtlingswierk, 1.064 am Mëttelmier erdronk. Näischt wat eis bekëmmere misst, wien et net bis heihinner Packt, läit eis jo och net op der Täsch… esou zumindest et wäit verbreeten Astellung.

Dat awer huet en Hoken. Wa gewosst ass, datt et aktuell keng Aussicht op Fridden, a folgerichteg och keng Aussiichten op eng wirtschaftlech Entwécklung huet, wäerten sech ëmmer méi Mënschen op de Wee maachen. Dat féiert zu Problemer och an den nordafrikaneschen Zoufluchtslänner, déi dann am Kontext vun der Covid19-Pandemie weider accentuéiert ginn. Wat misst een da maachen?

Laut dem UN-Sonnerbeoptraagte Vincent Cochetel, sollt elo direkt agéiert ginn. „Et muss dëse Mënsche gehollef ginn iert si d‘Küst vum Mëttelmier erreechen. Maache mir dat net, stinn hir Chance versklaavt, erpresst a vergewaltegt ze gi méi héich, wéi de Risk beim iwwerquiere vum Mëttelmier ze erdrénken“. Dat ass alle Regierungen an Europa zanter Joeren och absolutt bewosst.

Politik net vermënschlechen

Elo ass awer esou, datt d‘Politik an Europa méi no un den Ideologien aus den 30er Jore vum 20. Joerhonnert drun ass, wéi un enger Gesellschaft déi zumindest versicht den Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze begéinen. Esou gëtt verbal a rhetoresch condamnéiert, wat een hannenerëm mat ville Finanzmëttel ënnerstëtzt. Sécher a legal Zougangsweeër, sinn en eenzegen europäeschen Albdram.

Dat weess natierlech och den UN-Sonnerbeoptraagte Vincent Cochetel, deen da mengt, datt et och bannent der EU zumindest ee Minimum un Humanitéit ginn. A wann ee schonn d‘Leit – där hir Flucht een dank lukrative Waffegeschäfter an de Subventioune vun ausbeuteresche Konzerner och nach selwer provozéiert huet – net wëll bei sech am Gaart sëtzen hunn, brauch et eng Decisioun.

Et kéint ee beispillsweis op den sech an der Geschicht bewäerte „Genozid“ beruffen an dës human Iwwercapacitéit „neutraliséieren“. Dat ass den Ament eppes schwiereg, well nach gëtt et Mënschen déi do mengen, dat wier abaarteg. Et kéint een d‘Ursaachen direkt ugoen, mee do geet ëm de Goss. A Mënscherechter oder nëmmen de Usproch op ee wierdegt Liewen, ass kee politescht Kapital.

Ob, wéi et de Vincent Cochetel proposéiert, domadder gedoen ass d‘Asylcapacitéiten an de Länner auszebauen, wou et nach net emol ee legislative Kader fir „Flüchtlinge“ gëtt? Wuel kaum, well vill ze laangwiereg opzestellen. Domadder ass zudeem de Problem selwer net geléist. D‘Situatioun ka folgerichteg net evoluéieren an iert 100 Milliounen un den UNHCR ginn, stécht een déi a Frontex.

mat indymedia/gva/nyc

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Asylpolitik, Migranten, Nordafrika, Sahelzon, UN-Flüchtlingswierk, UNHCR, Vincent Cochetel
Next post Previous post