Search

You may also like

money
Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp
Meenung Neiegkeeten

Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp

An Zäite wou een all onnéidege Kontakt meide sollt, a

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende

De 4. September 1970 gouf den Dokter Salvador Allende zum President

De Resumé vum Sport
Meenung Neiegkeeten

De Resumé vum Sport

Fussball Frankräich: Paris Saint Germain mécht e grousse Coup, si

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hunn déi Lénk ëmmer op d‘Noutwennegkeet higewisen, Beschäftegter op hirer Aarbechtsplaz ugemiess ze schützen. Mam Akraafttriede vun der mëttlerweil 8. Modifikatioun vum Covid19-Gesetz bleift d‘Aarbechtsplaz weider bausse vir am Moossnamekatalog vun der Regierung. Dat erschéngt eis graff Fuerlässeg, besonnesch wëll rezent Etüden¹ weisen, dat nieft dem Privatberäich (a bal um selwechten Niveau) d‘Aarbechtsplaz als Haaptinfektiounsquell mam Coronavirus gëllt.

Wärend am private streng a fräiheetsaschränkend Reegelen, mat deels drakonesche Strofen ugewannt ginn, gëlle fir d‘Aarbechtsplaz an d‘Employeuren nëmmen „Recommandatiounen“. Dat verdäitlecht ënnert anerem d‘Äntwert vum Aarbechtsminister op déi parlamentaresch Fro vun eisem Deputéierte Marc Baum²: bei 2012 Kontrollen duerch Aarbechtsinspektioun (ITM) goufen ëmmerhin 356 (17%) Verstéiss géint d‘Schutzbestëmmunge festgestallt, allerdéngs goufen nëmmen 13 Geldbousse verhaangen. Hei gëtt mat zweeërlee Mooss gemiess.

Verantwortung – „Mir sinn al Deel vund er Léisung“ – gëtt vun der liberaler Regierung individualiséiert. Dat individuellt Verhale vun all Eenzele gëtt verantwortlech gemaach fir d‘Infektiounsgeschéien. Déi kollektiv Verantwortung vun der Regierung am Bezuch op de Schutz op der Aarbechtsplaz (mee och am ëffentlechen Transport an en de Schoulen) gëtt dobäi op fuerlässeg Weis an entgéint epidemiologeschen Erkenntnisser vernoléissegt.

„Dat weist wéi falsch den Ëmgang vun der Regierung mat der 2. Well ass“, kommentéiert d‘Spriecherin vun déi Lénk, Carole Thoma dësen Ëmstand an de Co-Spriecher Gary Diederich ergänzt: „D‘Covid19-Gesetzer sinn disproportionéiert: wärend fundamental Grondrechter duerch d‘Ausgangsspär ageschränkt ginn, verseet d‘Regierung do, wou si en direkten Afloss huet“.

Déi Lénk setzen sech zesumme mat de Gewerkschafte fir kloer a verbindlech Reegelen fir de Schutz vun de Salariéeën op der Aarbechtsplaz an. Dofir fuerderen déi Lénk an éischter Linn d‘LSAP, an där hire Kompetenzberäich de sanitäre Schutz op der Aarbechtsplaz gehéiert (mat de jeeweilege Ministere fir Gesondheet, Aarbecht a Wirtchaft) dozou op endlech Faarf ze bekennen.

Matgedeelt vun déi Lénk – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Atoms / unsplash

¹) e.a. „ComCor“ vum Pasteur Institut, Paräis

²) Parlamentaresch Fro 3254Äntwert

Related topics Aarbechtsplaz, Covid19-Gesetz, déi lénk, Recommandatiounen, Schutzmoossnamen
Next post Previous post