Search

You may also like

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt
Neiegkeeten Stories

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Mam chrëschtleche Selbstverständnes, esou wéi dat d‘ADR gesäit, besonnesch wann

Bankesecteur baut weider Aarbechtsplazen of
Neiegkeeten Stories

Bankesecteur baut weider Aarbechtsplazen of

Gëschter huet déi kleng Gewerkschaft aus dem Bankesecteur, ALEBA, op

IS-Kämpfer an hiren Heemechte viru Geriicht stellen
Neiegkeeten Stories

IS-Kämpfer an hiren Heemechte viru Geriicht stellen

Anescht wéi d‘Länner aus Westeuropa, wëllen d‘USA hire Landsleit, déi

Schützen ouni ze intervenéieren

Soll d‘Lëtzebuerger Arméi d‘Interesse vu Pëtrolskonzerner am Mosambik verdeedegen?

Schützen ouni ze intervenéieren

Am Norde vum Mosambik, un der Grenz zu Tansania, sinn grouss Äerdgasvirkomme fonnt ginn an dräi grouss Konzerner wëllen sech déi kropen. Ee vun de gréissten Acteuren hei ass de franséische Konzern Total, an dësen huet och als eenzege schonn Infrastrukturen opgeriicht. Zanter 2017 agéiert awer och eng islamistesch Miliz an dëser Regioun.

Hei huet et bannent de leschte véier Joer 2.600 Doudeger ginn, wéinst de Kampfhandlunge sinn eng hallef Millioune Mënsche geflücht. Total huet am Mäerz 2021 aus Sécherheetsgrënn d‘Aktivitéite suspendéiert an dat „auslännescht“ Personal ausgeflunn. Zanterhier heefen sech d‘Appeller fir eng Militäraktioun am Mosambik ze initiéieren. Portugal huet schonn Zaldoten op d‘Plaz geschéckt.

Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, setzt sech och massiv fir eng militäresch Missioun am Mosambik an. De Sujet war jo och de 6. Mee Thema bei enger Entrevue vun den EU-Verdeedegungsminister. Am Uschloss un dëst Treffen, huet de Josep Borrell verkënnt, datt et ee politesche Wëlle fir esou eng Missioun géif ginn. Beim informellen Treffen den 28. Mee, ass dëse Sujet dann nach emol verdéift ginn.

Haaptargument fir de militäreschen Asaz, ass natierelch de Kampf géint den islameschen Terror. Et heescht zudeem, datt de President vum Mosambik d‘EU ëm Hëllef gefrot huet. E President, deen änlech sengem wäissrussesche Koseng, d‘Walen duerch Bedruch a Asaz vu Gewalt gewonnen huet, wéi et säitens eng EU-Observatiounsmissioun festgehale ginn ass. Mee hien huet elo vill Äerdgas…

D‘Nathalie Oberweis geet dann op de eigentleche Punkt an ënnerstellt der EU, datt si net wéi virginn, d‘Interessen, d‘Fräiheet an d‘Liewe vun der Populatioun op der Plaz schütze wëll, mee et sech erwisenermoossen ëm en Asaz handelt, bei deem et eenzeg an eleng ëm de Schutz vun den EU-Wirtschaftsinteresse geet. Dat als „Trainingsmissioun“ ze verklären, hält déi engagéiert Politikerin fir gewot a warnt virun de Folgen.

Si wollt dann och vum Krichsminister François Bausch wëssen, wou ee mat de Gespréicher op EU-Niveau drun ass, an ob och hie Gedenkt Zaldote fir bewaffent Missioun bereet ze stellen? Zudeem sollen sech scho 14 Länner fir eng Opstockung vun den EU-Effektiver, déi elo bei 1.500 leien, dann op 5.000 ze erhéijen. Lëtzebuerg huet sech deem jo anscheinend och nees brav ugeschloss.

Dat sinn alles keng Demokratien

De Minister François Bausch huet emol aleedend drun erënnert, datt d‘Situatioun am Mosambik, wéi an der gesamter Sahelzon, éischter „komplex“ ass, firwat een dat net an „schwaarz a wäiss“ opgliddere kann. Hien huet sech dann – wuel aus Grënn – op déi marxistesch-leninistesch Ära beruff a verweist drop datt op déi kolonial Vergaangenheet hei nach ëmmer eng gewësse Roll huet.

Vun enger Demokratie wollt de Minister dann och net schwätzen, mee hien insistéiert datt, do wou sech d‘EU asetzt, si dat exklusiv aus humanitären an demokratesche Grënn mécht, firwat et jo hei emol an éischter Linn drëms geet, dëse Länner zu enger gesellschaftspolitescher Stabilitéit ze verhëllefen. Enn 2020 hätt de Mosambik dës Hëllef effektiv ugefrot, dat begrenzt op d‘Regioun wou et Äerdgasvirkommen huet.

An esou huet de Minister avancéiert, datt hien net wéilt behaapten, datt d‘Ausbeutung vun de Ressource keng Roll géif spillen. Et géif awer guer keng Roll bei deem spille wouriwwer d‘EU derzäit beréit, well Europa keng proaktiv militäresch Roll iwwerhuele wëll. Et géif am Fall vun enger Missioun also och net militäresch agegraff. Dann ass jo alles gutt…

Remark: Beim Territoire an deem d‘EU gewëllt ass „Trainingsmissiounen“ unzegoen, handelt et sech dem d‘Afungi-Hallefinsel an der Provënz Cabo Delgado. D‘Äerdgasfelder gi virrangeg vum franséische Konzern Total (26,6%), exploitéiert. Associéiert sinn: Mitsui E&P Mozambique Area1 Ltd. (20%); ENH Rovuma Area Um SA. (15%); ONGC Videsh Ltd. (10%); Beas Rovuma Energy Mozambique Ltd. (10%); BPRL Ventures Mozambique BV. (10%) an PTTEP Mozambique Area1 Ltd. (8,5%).

Foto: De sougenannten „Mosambik LNG-Projet“ an de Provënz Cabo Delgado, gëtt vun Total a Kooperatioun mam Mitsui finanzéiert. Den Asaz läit bei ronn 23 Milliarden Euro an den erhoffte Profit gëtt op eng 61 Milliarden Euro geschätzt. 50% dovunner sollen als Participatioun un déi staatlech Pëtrolsfirma ENH ausbezuelt ginn. Esou gëtt dann och séchergestallt datt kee Cent beim Vollek ukënnt. © Norvia (Archiv – Juli 2020)

Related topics Äerdgasfelder, Äerdgasvirkommen, déi lénk, erweidert parlamentaresch Fro 102, Militärasaz, Mosambik, Nathalie Oberweis, Pëtrolskonzerner
Next post Previous post