Search

You may also like

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet
Meenung Neiegkeeten

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet

Op den 1. Juli hat de Premierminister Xavier Bettel eng

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“
Meenung Neiegkeeten

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“

(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de

Stroum beweegt – Eng Initiativ fir d’elektresch Zukunft
Meenung Neiegkeeten

Stroum beweegt – Eng Initiativ fir d’elektresch Zukunft

Laut der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg géifen 67% vun den ausgestoussenen

Schutzmaske fir Jiddereen!

Oppene Bréif vun der Patiente Vertriedung un d‘Regierung

Schutzmaske fir Jiddereen!

Vill Länner hunn an der Tëschenzäit d‘Schutzmaskeflicht agefouert als Moossnam zur Andämmung vun der Verbreedung vum Coronavirus. Éisträich huet grad d‘Maskeflicht beim Akafen agefouert. Och a China ass d‘Mask an alle grousse Stied Flicht. Asiatesch Länner mat hirer Schutzmasken-Traditioun gi mam Coronavirus däitlech besser fäerdeg.

 

A villen asiatesche Länner ass d‘Droe vun engem Mond-Nues-Schutz bei Erkältungen üblech. An och wéi dat mat der Coronavirus-Kris ugefaangen huet, si Stoffmaske séier zum soziale Standard ginn. Den Erfolleg vun der Coronavirusbekämpfung a China, Taiwan a Südkorea gëtt zumindest och deelweis op den Asaz vun de Schutzmasken zréckgefouert.

Eng einfach Gesiichtsmask kann zwar nëmme ganz begrenzt déi eegen Infektioun mam SARS-Cov2 verhënneren. Well awer de Virus virun allem iwwer Drëpse beim Houschten an dem Schwätzen iwwerdroe gëtt, kann ee Schutz viru Mond an Nues d‘Kontaminatioun vun anere wäitgoend verhënneren an Infektiounsketten ënnerbriechen.

Schutzmaske

Dat ass Ethiopien

D‘Kommunikatioun zum Maskeschutz krankt un engem grondsätzleche Mëssverständnes. Well eng einfach Mask keen 100% Schutz bitt, gouf se fréizäiteg an zu Onrecht als Onnëtz deklaréiert. Dat huet zu den Enkpäss bei de Schutzmasken an de Klinike gepasst. Et hat een Angscht, datt d‘Vollek de Spidoler déi weltwäit knapp bemoosse FFP-Masken géif ewech huelen.

Bleift d‘Argument, datt d‘Maske falsch Sécherheetsgefiller vermëttelen. Mënschen déi Masken droen, géifen sech manner d‘Hänn wäschen an d‘Ofstänn net anhalen. Dat ass duerch näischt beluecht. Leit déi de Sécherheetsgurt am Auto undinn, fuere jo net automatesch méi Riskant.

Mëttlerweil plädéiere vill Experten dozou eng Mask ze droen an d‘Patiente Vertriedung Asbl fuerdert och zu Lëtzebuerg, datt d‘Regierung, nodeems si d‘Spidoler ausräichend versuergt huet, alle Residente vum Land eng kleng Unzuel u Schutzmasken zoukommen ze loossen.

Foto: Vill Leit maachen an Heemaarbecht flott Masken, déi dee vun der Patiente Vertriedung gefuerderte Schutz voll a ganz erfëllt. Wann een där zwou huet an déi vun Dag zu Dag wiesselt (déi benotzte sollt een ofkachen an net an d‘Wäschmaschinn geheien) sinn all déi Leit deenen dir „ze no kommt“ virun iech am Prinzip geschützt. A jo domadder akafe kann och fir déi Leit déi am Geschäft schaffen, eng berouegend Wierkung hunn. Dir braucht keng FFP-Maske vun der Regierung, dir musst just déi bekannte Reegelen anhalen. Géifen d‘Masken, esou wéi vun der Patiente Vertriedung duergestallt de Risk signifikant reduzéieren, misste mir net doheem bleiwen an d‘Geschäfter kéinten normal schaffen, och dat sollt een am Kontext vun der Argumentatioun preziséieren. © Nayeon Tozaki (via Twitter)

Matgedeelt vun der Patiente Vertriedung Asbl, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Notiz vun der Redaktioun:

d‘Meenung vun der Patiente Vertriedung Asbl ass hir eegen. D‘Redaktioun distanzéiert entschidde vun dëser Argumentatioun, déi eiser Usiicht no wéineg fundéiert an net Ziilféierend ass. Trotzdeem ass d‘Redaktioun net géint d‘Droe vu Masken. D‘Ausgab vu FFP2-Masken un d‘Vollek awer mécht an dësem Kontext (Covid19) de facto wéineg Sënn. Dës Maske musse strikt dem Fleegepersonal an deene Leit déi se wierklech brauche virbehale bleiwen. Déi am Artikel gesate Verknäppungen si vun der Redaktioun gewielt ginn. De Video, deen nach emol op den asiatesche Kontext ageet, sollt oppe Froe beäntwerten.

Related topics Coronavirus, Covid19, Maske-Flicht, Patiente Vertriedung Asbl, Schutzmasken
Next post Previous post