Search

You may also like

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart
Neiegkeeten

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart

E Freideg hunn déi Escher Honoratiore bei beschtem Summerwieder de

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!

Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“
Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

An der Affär ëm dat ominéist Telefonsgespréich tëscht dem US-President

Schutzmasken: Den Inneministère an de SYVICOL hu sech organiséiert

Schutzmasken: Den Inneministère an de SYVICOL hu sech organiséiert

Bei der Reunioun vu gëschter tëscht dem Inneministère an dem SYVICOL ass et ëm d’Organisatioun zur Verdeelung vun de Schutzmasken un d’Bevëlkerung a Gemengeservicer gaangen.

Esou ass de CGDIS verantwortlech fir d’Liwwerung vun de Masken un de Gemengesecteur, wärend d’Verdeelen un d’Populatioun vun den 102 Gemengen iwwerholl gëtt. D’Bierger ginn dobäi vun hirer jeeweileger Gemeng iwwert d’Zäit an d’Aart a Weis vun der Distributioun informéiert. Ab nächster Woch soll et lass goen.

D’Inneministesch Taina Bofferding weist sech houfreg iwwert dës konstruktiv Approche vum Syndikat an de Gemengen, fir esou d’Beméiunge vun der Regierung ze ënnerstëtzen.

Och den Emile Eicher, President vum SYVICOL, ass zefridde mat der Demarche. De Syndikat ass der Meenung datt d’Bereetstelle vu Schutzmaterial an enger éischter Phas der Regierung hir Responsabilitéit ass.

Related topics Coronakris, Covid-19, Emile Eicher, Exit-Covid19, Inneministère, Schutzmasken, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post