Search

You may also like

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran
Neiegkeeten

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran

Wann sech haut an der éisträichescher Haaptstad d‘Delegatioune vum Iran

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn
Neiegkeeten

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn

Am Kontext vun der globaler Beweegung „Fridays for Future“ sinn

money
Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!
Neiegkeeten

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Gëschter huet IDEA scho säi 6. „Avis Annuel“ presentéiert. Am

15.000 Liter Piff an honnerte Liter Kraaftstoff an d’Schwaarzer Iernz gelaf

Zënter haut de Moien kämpfen de CGDIS an d’Waasserverwaltung géint eng gréisser Verknaschtung vun der Schwaarzer Iernz un. No engem Accident vun engem Camion um CR121 am Mëllerdall sinn nämlech 15.000 Liter Piff an honnerte Liter Kraaftstoff an d’Waasser gefloss.

D’Ausbreedung a weider Flëss, virun allem an d’Sauer, sou wéi d’Belaaschtung vun der Schwaarzer Iernz wëll de CGDIS mat Ofspärungen am Waasser andämmen. Zesumme mat der Waasserverwaltung an dem SIDEST gëtt aktuell dat adequat Material organiséiert, fir den Impakt op dëse Liewensraum ze reduzéieren.

An dësem Kader gouf den internationale Plang CIPMS ausgeruff. Op verschidde Plazen sinn a ginn Analysen duerchgefouert. Och d’Police ass op der Plaz.

Opmaacherbild: Waasserverwaltung, Billergalerie: © CGDIS

Related topics Accident, Camion, CGDIS, CR121, Kraaftstoff, Mëllerdall, Piff, Police, Pollutioun, Schwaarz Iernz, Verknaschtung, Waasseranalysen, Waasserverwaltung
Next post Previous post