Search

You may also like

Elo geet et duer – D’Stad Esch dréit wéinst Vandalismus de Krunn zou
Neiegkeeten

Elo geet et duer – D’Stad Esch dréit wéinst Vandalismus de Krunn zou

Scho säit Wochen a Méint gouf d’Stad Esch mat enger

Sozialplang bei der Guardian – D‘Gewerkschaft verlaangt eppes Zäit
Neiegkeeten

Sozialplang bei der Guardian – D‘Gewerkschaft verlaangt eppes Zäit

Datt d‘Gewerkschaften eng wichteg Roll am Dissens tëscht Patronat a

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)
Neiegkeeten

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, den 29. November 2020

Schwaarz Sheriffer: de Stater Schäfferot kontert

Schwaarz Sheriffer: de Stater Schäfferot kontert

Nodeems ee Méindeg d‘Oppositiounsparteien am Stater Gemengerot (LSAP – déi gréng – déi lénk) am Kontext vun der grousser Diskussioun ëm den Asaz vu schwaarzer Sheriffer an de Quartiere „Gar“ a „Bouneweg“, mëttels Communiqué déi ondemokratesch Diskussiounskultur condamnéiert haten, huet elo och de Stater Schäfferot mëttels Communiqué Stellung bezunn.

An dësem Schreiwes bedauert de Schäfferot, datt sech d‘Oppositioun net an ausräichendem Mooss ëm déi kritesch Situatioun an de Quartiere Gar a Bouneweg géife këmmeren. Si géife mat hirer reng polemesch ausgeriichte Kritik, net déi geréngste Léisung zum bestoende Problem bäidroen. Et gëtt och betount, datt déi urgent Fro an der Gemengerotssëtzung vun dësem Méindeg beschwat gouf.

Et gëtt weiderhin drop higewisen, datt bei der Sëtzung vum kommunale Preventiounscomité, och Vertrieder vun der Oppositioun uwiesend waren. Si konnten hei de Vertrieder vum Parquet an der Police all Fro stellen déi hinnen ënnert de Fangerneel gebrannt hunn. Et wier och net, wéi dat vun der Oppositioun duergestallt ginn ass, bei der Gemengerotssëtzung engem de Mond verbitt ginn.

Hei wier leedeglech drop verwise ginn, datt et sech ëm eng Froe-Seance un de Schäfferot gehandelt huet an datt fir eng Debatt iwwert de Fong, een dofir misst e Punkt op d‘Dagesuerdnung vun engem spéidere Gemengerot setzen. An dëser schrëftlecher Stellungnam weist de Schäfferot nach emol mat Nodrock drop hin, datt déi agesaten Entreprise net d‘Vocatioun huet Policeaarbecht ze leeschten.

Kooperatioun ass net Substitutioun

Et gëtt dann nach emol op déi gutt Kommunikatioun an den Echange tëscht der Stad an der Police higewisen. Dat begräift an, datt déi zoustänneg Servicer sech och mat der Police iwwert d‘Presenz vun de Sécherheetsagenten austauscht. Dat schéngt vun der Police esou unerkannt ze ginn a bis elo hunn d‘Beamten an dësem Kontext weder Verstéiss nach soss Onreegelméissegkeete festgestallt.

Weider heescht et, datt déi agesate Sécherheetsagente vu privaten Déngschtleeschter, den Optrag hunn, kommunal Infrastrukturen an Installatiounen an de Parken, wéi och den ëffentleche Plazen, duerch „Visibilitéit“ ze schützen. Zu dëser Missioun gehéiert och Mënschen a „Schwieregkeeten“ ze assistéieren. Dat natierlech an de Limitten, wéi se och fir all Bierger am Land gülteg sinn.

An et ass jo och d‘Aufgab vun de Stied a Gemengen, hir Kompetenzen als Verwaltungspolice hei auszeüben. Wann elo déi schrëftlech Interventioun vun den Oppositiounsparteie méi Polemik wéi konstruktiv Kritik ass, esou begréisst de Schäfferot dann awer, datt dank dësem, ee groussen Debat an der Gesellschaft opkomm ass. Et soll jo dann elo och endlech ee verständlecht Gesetz kommen.

Illustratioun: © Thomas Park / unsplash

Related topics Oppositiounsparteien, Police, Schäfferot, schwaarz Sheriffer, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post