Search

You may also like

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen
Neiegkeeten

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen

Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

De Ludovic Di Monte gewënnt den 2. Tour vum ACL Challenge!
Neiegkeeten

De Ludovic Di Monte gewënnt den 2. Tour vum ACL Challenge!

D’Top 20 vum ACL Challenge hunn sech fir eng zweet

Ze diskriminéierend: De Begrëff „Schwaarzfueren“ gëtt gestrach

Ze diskriminéierend: De Begrëff „Schwaarzfueren“ gëtt gestrach

De Kampf géint Rassismus, Ausgrenzung an Diskriminatioun leeft, an am Beräich vum Transport gëtt sech elo op ee Begrëff gestierzt: Schwaarzfueren. Wat eigentlech d’Bezeechnung dofir ass, ëffentlech Verkéiersmëttel ouni gëltegen Ticket ze benotzen, hunn oder wëllen zuelräich däitsch Stied aus hirem Wuertschatz verbannen.

Esou heescht et ënnert anerem zu Berlin, München a Köln, datt et „rassistesch ass vu „schwaarzfueren“ ze schwätzen.“ D’Stickeren a Bus an Zuch ginn ersat, d’Sprooch ugepasst an just nach de fir jidderee korrekte Begrëff genotzt.

D’Berliner BVG argumentéiert, datt déi Antirassistesch Interessevertriedung dorop hiweist, datt „schwaarz“ an der däitscher Sprooch oft an engem negativen an/oder rassistesche Kontext benotzt gëtt. D’Notzer vun der Kölner KVB sinn op alle Fall frou, datt sech de Betrib méi dorëm këmmert seng Ausdrocksweis unzepassen, wéi en efikassen a pünktlechen Transport ze garantéieren.

Schwaarzfueren
WDR Lokalzeit aus Köln / Facebook

Ma, wouhier kënnt den Ausdrock „Schwaarzfueren“ eigentlech? Etymologesch gesinn fënnt e säin Ursprong am Jiddeschen, fir genee ze si beim Wuert „Shvarts“. Iwwersat bedeit et „aarm“, wouduerch de mëttlerweil diskriminéierende Begrëff eigentlech „Aarmfueren“ bedeit, a sech net op d’Faarf schwaarz bezitt, scho guer net op eng Hautfaarf.

Ma, wéi ass et da mat „Schwaarzaarbecht“? Wéi eng Ännerunge sinn tatsächlech noutwenneg fir Diskriminatioun a Rassismus ze bekämpfen a wéi eng Moossnamen zéie sech schonn an d’Absurditéit?

Related topics Aarm, Begrëff, Berlin, Diskriminatioun, Etymologie, Köln, korrekt Sprooch, KVB, München, Rassismus, Schwaarzfueren, Shvarts
Next post Previous post