Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,
Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,
No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am
De „Nuit des Lampions“ ass e magesche Festival, an dee
D’Bicher A1, A2 a B1 baséieren op dem Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GER).
„Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ riicht sech an éischter Linn un Erwuessener, déi interesséiert sinn, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Si ginn hei awer och villes iwwert den Alldag zu Lëtzebuerg gewuer, léieren ënner anerem ons d’Land, ons Fester, Feierdeeg a grouss Perséinlechkeete besser kennen an entdecken och verschidde kulinaresch Lëtzebuerger Spezialitéiten.
De Band B1 erméiglecht et Leit, déi den Niveau A1 an A2 schonn erreecht hunn, hir Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch ze verbesseren an hir kommunikativ Kompetenzen ze stäerken.
Den INL wäert och Formatiounen ubidden, wéi ee mat de „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ Bicher an enger Klass schaffe kann, dës Formatioune wäerten deelweis och online an a Form vu Videokapsele sinn.
„Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ B1 kascht, wéi och déi zwee aner Bänn, 24 Euro.
Matgedeelt vum Educatiounsministère an dem nationale Sproocheninstitut (INL)
Opmaacherbild: © Oleg Laptev / Unsplash