Search

You may also like

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
International Neiegkeeten

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 23. Februar
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 23. Februar

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin
International Neiegkeeten

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin

Keng gutt Zukunftsaussiichte fir de Benjamin „Bibi“ Netanyahu, dee mat

Schwäizer Populiste verléiere Referendum

Déi Schwäizer Vollekspartei wollt d‘Awanderung vun EU-Auslänner drosselen, d‘Bierger gesinn dat eppes anescht

Schwäizer Populiste verléiere Referendum

Bei den Eedgenosse gehéiert de Referendum zu den demokratesche Grondlagen, an am grousse Ganzen huet sech dëse politesche Modell beschtens duerchgesat. Et ass wuel och oft ëmmer eppes riskant, mee an de meeschte Fäll gewënnt d‘Vernonft, esou wéi och dëse Weekend, wou sech d‘Bierger an der Schwäiz net iwwer de populisteschen Dësch zéie gelooss hunn.

Den als „Schwexit“ verkläerte Referendum huet also d‘Schwäizer net iwwerzeegt. Eng Begrenzung vun der Zouwanderung aus der europäescher Unioun hunn d‘Eedgenossen däitlech zeréckgewisen. Entspriechend dem Endresultat, hunn sech déi Schwäizer mat 61,7% géint d‘Virlag vun der rietskonservativer Schwäizer Vollekspartei (SVP) entscheet. Domat bleift et bei der Fräizügegkeet.

Eigentlech wollt d‘SVP mat hirer Begrenzungsinitiativ eng zolidd Reduktioun vun der Migratioun an d‘Schwäiz erreechen. Hätten Si sech duerchgesat kritt, wier d‘Regierung genéidegt gewiescht, bannent 12 Méint mat der Europäescher Unioun d‘Fräizügegkeet ze beendegen. Wier dat net gelongen, hätt Bern no weideren 30 Deeg, den Accord eesäiteg misse kënnegen. Abee Merd alors…

Den Auslänner ass un allem schold

Fir déi liicht faschistoid ugehauchte Populisten an der SVP, herrscht Massenawanderung an déi géif zu massivem Chômage féieren, de Wuelstand gefäerden, d‘Sécherheet vun de Bierger op d‘Spill setzen an d‘Fräiheet vun der Schwäizer generell a Fro stellen. Awanderer belaaschten d‘Ëmwelt an d‘Infrastrukturen, an iwwerhaapt géif d‘Zouwanderung dem Land méi schuede wéi déngen.

Schwäizer

Regierung a Parlament gesinn dat allerdéngs net esou, a weist drop hinn, datt ausser dem Fait datt esou eng Mesure d‘Bezéiungen nohalteg géif beschiedegen, d‘SVP sech keng Gedanken iwwert déi wirtschaftlech Konsequenze vun esou enger Moossnam ka gemaach hunn. Mee gutt, fir sech kënne Gedanken ze maachen, brauch et e Minimum un Intelligenz. Bei Nationalisten ass dat schwiereg.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet den Ausgang vum Referendum als positiivt Signal ëmschriwwen, an och den EU-Rotspresident Charles Michel huet d‘Resultat begréisst. Zanter den 90er Joren huet et tëscht der Schwäiz an der EU siwe bilateral Accorden, dorënner dee vun der Fräizügegkeet, wat heescht et dierf ee wunnen a schaffe wou ee wëll…

mat indymedia/brn

Illustratioun: An der Schwäiz liewe ronn 8,6 Millioune Mënschen, dovunner sinn 2,1 Millioune Mënschen „Auslänner“. 1,5 Milliounen ënnert hinne kommen aus der EU. Net ze vergiessen, datt d‘Schwäiz a gewësser Mooss wéi Lëtzebuerg ass. All Dag pendelen honnertdausenden EU-Bierger tëscht hirer Heemescht an hirer Schwäizer Aarbechtsplaz hin an hir. Dat alles wollt d‘SVP mat dësem Referendum beendegen.

Related topics Fräizügegkeet, Friemenhaass, Populismus, Referendum, Schwäiz, Schwäizer Vollekspartei, Schwexit, SVP
Next post Previous post