Search

You may also like

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus
International Neiegkeeten

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen.

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung
International Neiegkeeten

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng

De Sudan an d’Genitalverstümmelung: En éischten Schrëtt an déi richteg Richtung
International Neiegkeeten

De Sudan an d’Genitalverstümmelung: En éischten Schrëtt an déi richteg Richtung

Vun der weiblecher Genitalverstümmelung huet wuel jiddweree schonn héieren, an

Schweden: No Messerattack besteet Terrorverdacht

Schweden: No Messerattack besteet Terrorverdacht

Am südschwedesche Vetlanda si gëschter aacht Persoune bei engem Ugrëff mat engem Messer deels schwéier blesséiert. Zu Stonn, esou d‘Autoritéite géifen dräi Affer ëm hiert Liewe kämpfen. De Virfall gëtt vun der Police als vermuttlech Terrordot agestuuft. D‘Ermëttlunge ginn dorobber ausgeriicht.

Messerattack

Den Täter, e Mann tëscht 20 an 30 Joer, schéngt awer en Eenzeltäter ze sinn. Hien ass vun der Police mëttels Asaz vun der Schosswaff, vu weideren Aktiounen ofgehale ginn. Och hie gëtt zur Stonn nach am Spidol behandelt. Zum Motiv oder den Hannergrënn vun dëser Dot kann d‘Police weider näischt soen, och zur benotzter Waff, wollten d‘Autoritéite gëschter keng weider Ausso maachen. De schwedeschen Inneminister Mikael Damberg, huet d‘Dot schaarf veruerteelt.

mat indymedia/sto

Foto: (courtesy) Rita Katz / Site Intel

Related topics Messerattack, Mikael Damberg, Schweden, Terror, Vetlanda
Next post Previous post