Search

You may also like

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?
International Neiegkeeten

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
International Neiegkeeten

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
International Neiegkeeten

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

Schwéier Onwieder iwwer Guatemala

Honnerte Mënsche stierwen a Mëttelamerika un de Folge vum Passage vum Hurrikan „Eta“

Schwéier Onwieder iwwer Guatemala

Bei schwéieren Onwieder a Mëttelamerika sinn mindestens 200 Mënschen ëm d‘Liewe komm. An engem Duerf a Guatemala sinn 100 Mënsche bei engem Äerdrutsch ëmkomm. De President vum Guatemala, Alejandro Giammattei, huet an dësem Zesummenhang drop verwisen, datt et eréischt en éischte virsiichtege Bilan ass, an dës Zuele wuel nach wäerte klammen.

Rieds ass hei vum Duerf Quejá, dat explizit net als Risikogebitt agestuuft war. Dat erkläert dann och firwat d‘Awunner vum Äerdrutsch iwwerrascht goufen. Well och keen am Duerf mat esou eppes gerechent huet, hunn déi Iwwerliewend op der Plaz elo weder Drénkwaasser nach Liewensmëttel. D‘Rettungsdéngschter konnten sech eréischt e Freideg Zougang zum betraffene Gebitt verschafen.

Den Hurrikan „Eta“ war als Hurrikan vun der 2. stäerkster Kategorie a Nicaragua op Land getraff, huet sech op sengem Wee a Richtung Honduras zu engem „tropeschen Déifdrockgebitt“ ofgeschwächt, mee huet déi ganz Regioun mat heftegen Nidderschléi versuergt. D‘Onwieder, datt dunn iwwer den Guatemala gezunn ass, hat schonn am Nicaragua an Honduras fir Schued gesuergt.

No Iwwerschwemmungen an Äerdrutsch sinn am Honduras mindestens 20 Mënschen, zu Panama fënnef, esou wéi am Nicaragua a Costa Rica jeeweils op mannst zwee Affer ze bekloen. Och am Süde vu Mexiko huet den Hurrikan grousse Schued ugeriicht. Am mexikanesche Bundesstaat Chiapas, sinn och eng 20 Leit gestuerwen an et goufe mindestens 900 Haiser staark beschiedegt.

Och vun de mexikaneschen Autoritéite gi massiv Iwwerschwemmungen an Äerdrëtsch gemellt. An engem Floss am Bundesstaat Chiapas, goufen 10 Persoune fonnt, déi aner Affer – dorënner dräi Kanner – sinn op anere Plaze verstuerwen. Den Hurrikan „Eta“ ass an dëser „Saison“ schonn deen 28. Tropestuerm. Esou vill gouf et der fir d‘Lescht nëmmen am Joer 2005. En traurege Rekord…

An nach ass d‘Hurrikan-Saison net eriwwer. Déi geet fir gewéinlech bis Enn November, woubäi jo den Ament d‘Parameter nei mussen definéiert ginn. Jo och dat hänkt mam Klimawandel zesummen, an den Hurrikan „Eta“ huet net wëlles Rou ze ginn. Laut dem US-Hurrikanzenter wier dësen Tropestuerm nees a Richtung Karibik ënnerwee, wou hien op Kuba an d‘Kaimaninselen treffe soll.

mat indymedia/mia/gat

Related topics Costa Rica, Guatemala, Honduras, Hurrikan, Hurrikan Eta, Mëttelamerika, Nicaragua, Tropestuerm
Next post Previous post