Search

You may also like

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
International Neiegkeeten

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider,

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn

D’Restriktioune beim Reesen an d’Annulatioun vu ville Manifestatiounen hunn den

surprise
Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren
International Neiegkeeten

Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren

Ënnert dem Donald Trump ass alles méiglech. Hien huet et

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert

Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen an Doud schwiewen: dat ass en éischte Bilan deen ze zéien ass, nodeems en Donneschdeg Flüchtlingen aus Afghanistan an Afrika zu Calais unenaner gerode sinn. De franséischen Inneminister schwätzt vun „enger Gewalt déi een esou nach ni gesinn huet“.

„Mir hunn eng Zounam vun der Gewalt erreecht, déi vun den Awunner vu Calais, awer och de Migranten, esou net méi kann erdroe ginn“, deklaréiert de Gérard Collomb, dee sech nach an der Nuecht op der Plaz, wou et zur Kläpperei komm war, e Bild vun der Situatioun gemaach huet. E Bedauerleche Virfall, an och de Virfall „ze vill“.

Um Kommissariat vun der Police huet sech den Inneminister der Presse gestalt: „Ech si komm fir op e neits ze bestätegen, datt mir mobiliséiert sinn, géint d‘Passeuren, déi Dag fir Dag dës Ausenanersetzunge provozéieren“. De Gérard Collomb huet dann och mat de Polizisten, Pompjeeën a Membere vum franséische Büro fir Immigratioun an Integratioun.

Eng Kugel an d‘Genéck

D‘Kläppereie waren am Nomëtteg op verschiddene Plazen zu Calais ausgebrach. Zu Honnerten hunn se sech widder de Kapp geschloen, a laut dem leschten offizielle Bilan, sinn 22 Persounen an d‘Spidol komm, dorënner 5 Mënsche mat Schossverletzungen. Béi véier vun hinnen ass bis zur Stonn net gewosst op se duerchkommen. Laut der Police, soll een am Genéck getraff gi sinn.

Nieft allgemengen „Blessuren“, vun deenen der vill mat Messeren oder ähnlechem „Geschir“ zustane komm sinn, sinn och d‘Schanken net verschount bliwwen. Wéi et aus der Prefektur heescht, sinn och 2 Poliziste liicht blesséiert ginn.

Ugesicht der Unzuel vu Victime „ass een nees an enger Situatioun, déi där vun 2015 gläicht“, esou eng Source aus Justizkreesser. 2015 war d‘Joer vun der Grënnung vum „Dschungel“, deen 2016 zerluecht ginn ass. Mee, esou d‘Source „keen Dag gläicht sech am Bezuch op d‘Gewalt“. D‘Prefektur hat awer zousätzlech Polizisten an der Küstestad missen asetzen.

Déi éischt Kläpperei ass nomëttes géint hallwer véier, net wäit vum Spidol, wou Iesse verdeelt ginn ass, tëscht engen honnert Eritreeër a gutt 30 Afghanen ausgebrach. Et wier en Afghan dee bei dëser Ausenanersetzung geschoss hätt, wat Theese vun der Präsenz vu Passeure kredibel mécht.

Véier Migranten aus Eritrea, am Alter tëscht 16 an 18 Joer, sinn vun de Kugele verletzt ginn, a de Parquet vu Boulogne-sur-Mer huet bestätegt, datt Liewensgefor besteet. D‘Regionaldirektioun vun der Police (DRPJ) an d’Brigade-Mobille vun der Grenzpolice si mat der Enquête beoptraagt ginn. Aktuell ass net bekannt op et schonn zu Verhaftunge komm ass.

De klassesche Schema

Géint véier Auer dunn, eng zweet Kläpperei. Grad emol 5 Kilometer vum éischten Uert ewech, zu Marck-en-Calaisis. Hei waren et eng honnert afrikanesch Migranten, déi mat Knëppele bewaffent op eng 20 Afghane lass gaange sinn. Esou de Parquet, deen och bestätegt, datt d‘Police d‘Afghanen, déi vun 150 bis 200 Eritreeër ugegraff gi sinn, huet misse verdeedegen.

Am spéiden Nomëtteg huet et eng weider Ausenanersetzung an der Industriezon „des Dunes“ ginn. Och dat direkt zu Calais, net wäit vun där Plaz wou dee berüchtegten Dschungel entstane war. Uneneegerode waren d‘Migrante wéi se sech bei der Iessensausgab getraff hunn.

„D‘Afghane sinn an d‘Strooss Verrotières komm, well do Iessen ausgedeelt ginn ass. Si sinn op eng staark afrikanesch Präsenz gestouss. Beim Gedrécks ass zum Gewaltausbroch komm, dann och mat Asaz vun Eisestaangen“, esou d‘Erklärung vum Parquet géintiwwer der AFP. Bei dëser Ausenanersetzung si sechs Migrante verletzt ginn, dorënner ee ganz schwéier um Kapp.

„De Konflikt tëscht Afghanen an Afrikaner war ëmmer ënnerschwelleg. Et ass dat leider e klassesche Schema, tëscht béiden Ethnien Ausenanersetzungen ze erliewen“, kommentéiert de Virfall eng Source aus der Prefektur.

Um Enn ass et dann awer dee schwéierste Bilan zanter dem 1. Juli 2017, et zu heftege Kläppereien tëscht dësen Ethnie komm war, a 16 Persounen deels ganz schwéier blesséiert goufen. Ee Joer virdrun, de 26. Juni 2016, ware bei Ausenanersetzunge 40 Mënsche verletzt ginn. Deemools haten sech d‘Blessure a „Grenze“ gehalen

Déi lescht Ausenanersetzung tëscht Migranten, bei deenen et Schossverletzunge ginn huet, geet op de 25. November 2017 zréck. Hei haten Afghanen openaner geschoss, a fënnef waren der blesséiert ginn. D‘Police ass hei vun enger „Meenungsverschiddenheet“ tëscht Passeuren ausgaangen.

Ronn 800 Migrante – esou Associatiounen déi dëse Mënschen Hëllef ubidden – versichen hei Dag fir Dag e Wee ze fanne fir Groussbritannien ze erreechen. Déi Leit „liewen“ all iergendwéi zu a ronderëm Calais. Laut der Prefektur wieren et der „nëmmen“ 550 bis 600, wat elo den Awunner keen Trouscht ass. Deenen hir Gedold gëtt op d‘Prouf gestallt a si fuerdere Moossnamen.

mam Gregory Daniel an dem Bernard Baron/AFP

Foto: De franséischen Inneminister Gérard Collomb huet sech zu Calais mam Personal vun der DDCS iwwert d‘Situatioun ënnerhalen. Hien huet nach an der Nuecht verséchert, datt et zu Mesure géif kommen. Detailer zu de Mesurë waren an der Nuecht net gewuer ze ginn. © Philippe Huguen/AFP

Related topics Afghanen, Calais, Eritreeër, Gérard Collomb, Migranten
Next post Previous post