Search

You may also like

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen
International Neiegkeeten WTF

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen

Och als bekannten Acteur bleift ee leider net viru liewensbedreeleche

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!
International Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!

Scho säit 1995 feiert Frankräich seng Sprooch mam internationalen Dag

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten WTF

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg

Um Internationalen Dag géint de Kriibs gëtt zu Lëtzebuerg d’Haaptaamierk

surprise

Schwéiert Accident op kaliforneschem Highway

Schwéiert Accident op kaliforneschem Highway

Um Dënschdegmuere sinn op der Staatsstrooss 115 zu Holtville (Südkalifornien), eng zéng Meile vun der mexikanescher Grenz ewech, 15 Mënsche bei engem dramatesche Verkéiersaccident tëscht engem Camion an engem SUV verstuerwen. Véier weider Persoune goufe blesséiert. All d‘Affer hunn am SUV gesiess, an deem laut der Police 25 Mënsche Plaz geholl haten.

De Spriecher vun der Highway Patrol (Autobunnspolice) Arturo Platero huet erkläert, datt aktuell net gewosst ass, firwat et zum Accident tëscht dem Camion an dem Ford „Expedition“ SUV komm ass. Hie bestätegt och, datt an dësem SUV, deen eigentlech mat 7 Sëtzplazen ausgeliwwert gëtt, et 25 Persounen hat. Et soll sech mindestens 1 Teenager am Gefier opgehalen hunn, esou de Polizist.

14 Persoune sinn entspriechend de Bericht vun de Rettungsdéngschter op der Plaz verstuerwen, eng Persoun wier am „El Centro“ (de regionale medezineschen Zenter) senge Blessuren erleeën. Véier weider Insassen si per Helikopter an den Desert Medical Center vu Palm Springs iwwerstallt ginn, 3 ginn zur Stonn op der Intensivstatioun behandelt, 6 Persoune konnten op der Plaz versuergt ginn.

Laut der kalifornescher Autobunnspolice, wieren d‘Leit an dësem SUV am Alter vu 16 bis 55 Joer gewiescht. Beim „Kontakt“ tëscht dem Camion an dem SUV wieren eng Rei Leit direkt op d‘Strooss geschleidert ginn. Wéi dëst „Gespann“ zum stoe koum, war de SUV op der Chaufferssäit ronderëm d‘Schnëss vum Kipper gewéckelt. D‘Ursaach vun der Kollisioun ass net bekannt.

Schwéiert Accident

Éischten Erkenntnisser no, soll de SUV op der Kräizung (Norrish Road – Intersection H115) aus onbekanntem Grond virun de Camion „placéiert“ hunn. Et wier dovunner auszegoen, datt de Chauffer vum SUV d‘Stoppschëld net respektéiert hätt, dat nozeweisen, dierft awer schwéier sinn. Wat d‘Leit ubelaangt, esou géif et sech hei ëm landwirtschaftlech Hëllefsaarbechter handelen.

mat indymedia/lax

Related topics Camion, Highway 115, Kalifornien, SUV, Verkéiersaccident
Next post Previous post