Search

You may also like

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt
International Neiegkeeten

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt

Nom prinzipiellen Accord vu Mëtt Februar, huet d‘Gewerkschaft OGBL elo

D’ADR-Fraen zéie Bilan
International Neiegkeeten

D’ADR-Fraen zéie Bilan

Fënnef Joer Gambia ginn op en Enn. Fënnef Joer, an deene

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis
International Neiegkeeten

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis

An der Regierungserklärung 2018, hat de Xavier Bettel (DP) nach

Schwéiert Accident zu Mexiko-City

Schwéiert Accident zu Mexiko-City

Nodeems eng Iwwerféierung vun der Metro an der mexikanescher Haaptstad a sech zesummegefall ass, koum et zu engem folgeschwéieren Accident bei deem mindestens 15 Mënsche verstuerwe sinn. D‘Buergermeeschtesch Claudia Sheinbaum huet confirméiert datt op d‘mannst 34 Mënsche mat schwéiere Verletzungen an d‘Spideeler bruecht goufen.

Mexiko

Um spéide Méindegowend (Lokalzäit) sinn eng Rei Waggone vun der Linn 12 an d‘Déift gestierzt, nodeems d‘Iwwerféierung zesummegefall war. E puer vun de Waggonen hunn sech beim Opprall anenaner verfaangen. De Virfall huet sech bei der Gar Olivos um südleche Rand vum der Metropol zougedroen. Ënnert dësem Streckenofschnëtt waren och vill Gefierer ënnerwee.

D‘Rettungsdéngschter wieren zäiteg op der Plaz gewiescht, an hunn als éischt mat Leederen, d‘Leit aus de Waggone befreit, déi nach „an de Luucht gehaangen hunn“. Aarbechten déi séier hu misse vun Hand goen, well duerno hunn d‘Biergungsaarbechte missen ënnerbrach ginn. Dat wéinst der instabiller Lag vun der Ramm. Zur Stonn dauert de Rettungsasaz an Mexiko-City un.

Mënschen déi an der Géigend wunne sinn zolidd veriergert. Schonn zanter Jore wier ëmmer nees op d‘Schied un de Saile laanscht Streck vun der Linn 12 higewise ginn. Dës Streck, déi 2014 Ageweit gouf, huet kuerz no senger Aféierung méintelaang misse gespaart ginn, wëll net gutt geschafft gi war. Ass eppes un de Korruptiounsvirwërf drun? Zu Mexiko-City kann een dat mat Jo beäntwerten.

mat indymedia/mex

Foto: © Hispano llc

Next post Previous post