Search

You may also like

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen
Neiegkeeten

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun

Prix Laurence 2020!
Neiegkeeten

Prix Laurence 2020!

De Prix Laurence ass dee Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!

No engem Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech Entwécklung bléiwen déi Lëtzebuerger Autoritéiten wéinst der Afrikanescher Schwéngspescht weiderhin an Alarmbereedschaft.

No der Verbreedung vum Schwéngspeschtvirus laanscht der belsch- franséischer Grenz bléiwen Lëtzebuerger Autoritéiten ob der Wuecht, a verfollegen d’Entwécklung vun der Situatioun mat voller Opmierksamkeet. Dobäi bléiwen Schlësselwierder am Kampf géint d’Afrikanesch Schwéngspescht (AFS) nach ëmmer Präventioun, Kontroll an Eliminatioun.

Aus dëse Grënn, gett verstäerkt ob en Austausch a Koordinatioun mat den

belschen an franséischen Autoritéiten gesat, fir esou d’Verbreedung vum Virus ze stoppen. Am Moment, baséierend op de Fakte vun dëser grenziwwerschreidend Kooperatioun, hunn déi Lëtzebuergesch Autoritéiten decidéiert all d’Bestëmmunge ob dem Territoire vum Groussherzogtum oprecht ze erhalen.

De Minister fir Landwirtschafts, Wäibau an ländlech Entwécklung Romain Schneider erkläert awer datt am Fall vun der Verbreedung vum Virus, dës Bestëmmungen sech zu all Moment, duerch „PPA“ verstäerke kënnen.

Den Task Force PPA, den de Ministère fir Landwirtschafts, Wäibau an Ländlech Entwécklung, den Ministère vun der Ëmwelt,dem Klima an der nohalteger Entwécklung, hir Administratiounen, souwéi allen Acteuren déi heibäi betraff sinn, wéi beispillsweis d’Schwéngsindustrie, Jeeër, Transporteuren, Schluechthaiser an aner Acteuren an der Fleeschindustrie, Firmen vum Déierefudder an d’Vertrieder vun de Besëtzer vun Bëscher, ginn och eng véierte Kéier, am Ufank vum Mount, ageruff fir nei Fokussen maachen.

De Minister Schneider weist drop hin, datt all d’Resultater vun den 96 duerchgefouerten Tester un doudegen Wëllschwäin am Bezuch ob AFS negativ waren. Esou konnt bis elo glécklecherweis nach kee Fall vun AFS am Groussherzogtum Lëtzebuerg nogewisen ginn.

An dësem Kontext erënnert hien och drun, datt de Virus vun och Hausschwäin an Schwäin betrëffe kann, mee keng Gefor, beim iessen vun dem kontaminéierten Fleesch oder ähnlechen kontaminéierten Produiten besteet.

Related topics AFS, Belsch, Frankräich, Romain Schneider, Schwéngspescht, Virus
Next post Previous post