Search

You may also like

Taifun iwwer Japan
Business Neiegkeeten

Taifun iwwer Japan

An Japan huet den Taifun „Hagibis“ schwéiert leed an a

Éischte Mosel Clean Up – 40 Fräiwëlleger hunn d’Ufer vun Offall befreit
Business Neiegkeeten

Éischte Mosel Clean Up – 40 Fräiwëlleger hunn d’Ufer vun Offall befreit

E Samschdeg hu sech zuelräich Fräiwëlleger zu Gréiwemaacher zesummefonnt, fir

Editorial: Et soll nees gespent ginn!
Business Neiegkeeten

Editorial: Et soll nees gespent ginn!

Beim Lëtzebuerger Roude Kräiz ass et nees de Mount vun

Schwiereg Zäite fir d‘Bicherbutteker

Schwiereg Zäite fir d‘Bicherbutteker

De Librairen am Land geet et net wierklech gutt, an dat huet villfälteg Ursaachen, déi ënnert anerem och bei de Bedreiwer oder Gestionnaire selwer geleeën ass. An elo wäert, no bal 50 Joer, d‘Librairie Française, wuel och definitiv aus dem Stadbild verschwannen. Wourunner et ka geleeë sinn, a firwat d‘Zukunftsaussiichten éischter düster sinn: en Erklärungsversuch.

Zum engen ass gewosst, datt den Onlinehandel besonnesch bei de Bicher, de Konsumente schéngt esouwuel beim Präis wéi och der Kamoudheet entgéintzekommen. Dat huet engersäits domadder ze dinn, datt „online“ ëmmer alles schéngt direkt verfügbar ze sinn, an et engem bis an d‘Bréifboîte geliwwert gëtt. D‘Bequemlechkeet ass ganz kloer ee Grond, firwat Librairen en schwéier hunn.

Ee weidere Grond fir d‘Stierwe vun de Bicherbutteker sinn d‘Loyeren. An dat esou och net nëmmen an der Haaptstad. Vill Proprietaire handelen ouni Geescht a Verstand, a wiere wuel gutt beroden, hei emol ee Buch iwwer Wirtschaft ze liesen. Woubäi d‘Revalorisatioun, bezunn op eng Wäertzounam vun iwwer 16% per anno, et sech just ze verloune lount, wann de Locataire wierklech flësseg ass.

Anersäits huet et awer och ënnert de Libraire Mënschen, déi aus der Zäitfënster gefall sinn. Esou huet et laang Zäit gebraucht, bis si den Internet entdeckt hunn, et huet nach méi laang gedauert bis se verstanen hunn datt een muss „aktiv“ present sinn. Wann se d‘Kéier da kritt hunn, verstoussen se géint d‘GDPR-Reegelen oder zwéngen de Besicher krätzeg „Cookies“ op. Dat huet Konsequenzen

Zudeem wëll de Client, wann en sech schonn an d‘Geschäft deplacéiert, eppes Service ugebuede kréien. Wann dësen nämlech am Bicherbuttek eppes Lektür bestellt – well jo och ee Libraire net alles op Lager kann hunn – ass et dësem iwwerlooss ze klären, wéini d‘Buch ukomm ass oder muss kucke goen op et ukomm ass. Dat fält alles bei der Onlinebestellung aus an oft spuert een och Geld.

An da sinn do jo nach d’Supermarchéeën an déi grouss Akafsgalerien, wou de Mënsch, wann dëse sengem wëchentlechen Akafskuerf noleeft, zumindest déi „Grouss Titel“ an d‘Dagespress ugebuede kritt. Bleift nach drun ze erënneren, datt déi Leit wou haut nach no engem Buch gräifen, och ëmmer ëfters op déi digitaliséiert Versioun zeréckgräifen. Och do kënnen d‘Librairen net mathalen.

Erlaabt op dëser Plaz drop hinzeweisen, datt déi „digital Generatiounen“ et mam Liesen net hunn. Dat ass net wierklech hir Schold, wéi esou oft läit de Feeler bei den Elteren, dann awer och an der Schoul, wou d‘Enseignante selwer och kaum nach Bicher liesen an hir Schüler/Studenten net méi zur Lektür animéieren. Esou eidel wéi d‘Bibliothéiken am Land, sinn nach just d‘Kierchen…

Illustratioun: Liese mécht Mënsche méi gescheit, esou heescht et zumindest… Gescheit Mënsche begéint een allerdéngs ëmmer méi seelen. Déi wierklech allermeescht ginn sech haut mam Titel oder enger Iwwerschrëft zefridden, a Froe beäntweren haut d‘Siri an d‘Alexa. © Clem Onojeghuo / unsplash

Related topics Ausstierwen, Bequemlechkeet, Bicherbuttek, Librairie, Onlinebestellung, Onlinehandel, Service
Next post Previous post