Search

You may also like

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!
Stories Uncategorized

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!

Scho fir eng 10. Kéier kënnt de Poetry Slam de

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!
Stories Uncategorized

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!

Datt de Guillermo del Toro bei der Nominatioune fir d’Oscaren

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden
Stories Uncategorized

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden

D‘lescht Woch huet d‘EU-Kommissioun e Rapport verëffentlecht, dee sech der

Science Summer Splash: Wëssenschaft déi Wësse schaaft

Fënnef Deeg laang hat sech de Science Summer Splash zu Lëlz „breet“ gemaach, fir jonke Leit tëscht 11 a 15 Joer d‘Wëssenschaft op spilleresch Aart a Weis méi no ze bréngen. E grousse Spaass, deen ee sech och net vun der Bloalge-Pescht verdierwe gelooss huet.

Organiséiert vun der PIN‘s Asbl, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum SNJ, huet d‘Editioun 2018 vum Science Summer Splash vum 12. bis de 15. August stattfonnt. Sënn a Zweck vun dësem Camp ass et jonke Leit mat der Wëssenschaft vertraut ze maachen, a hinnen ze weisen, datt eppes Léieren och tatsächlech Spaass maache kann. A mir dierfe bestätegen, datt et mega Spaass mécht.

Komm, mir bauen emol eng Rakéit

Engem ze erzielen, datt „léieren“ och Spaass a Freet mécht, dat ass deen een Toun vun der Klack. Sech op der Plaz iwwert d‘Schëller kucken ze loossen, fir erauszefannen op déi Ausso esou och stëmmt, ass den aneren Toun vun der Klack. Mir hunn d‘Kamera agepaakt, a sinn eis dat ganzt op Lëlz ukucke gaangen. Wat eis gewise ginn ass, huet eis och iwwerzeegt.

Splash„Voll Krass“ oder „mega Gäil“, datt ass d‘Bezeechnung déi wéi d‘Fauscht op d‘A passt, wei mir eis dem „Rakéiten-Atelier“ ugeschloss hunn, a beim Bau vun engem kënschtlechem Himmelskierper, de Krapperten nogekuckt hunn. E System, deen op éischte Bléck kannerliicht erschéngt, bei méi geneeëm hikucken, awer eng ganz Rei Interaktioune brauch, déi een och verstoe muss.

Et gëtt also Theorie gebraucht. Wuel net immens vill dovunner, mee ee puer Grondlage soll ee behäerzegen, wann d‘Rakéit hiert Zil, also méiglechst héich géint der Himmel fléien, erreeche soll. Op d‘Theorie follegt d‘Praxis, an de Kapp mat vun der Partie sinn. Séier huet een eppes falsch gemaach, an dofir schafft een am Team, well 4 Ae bekanntlech méi gesi wéi därer nëmmen zwee.

Wann dann alles esou realiséiert ginn ass, wéi een et erkläert krut, konnt ee mat sengem „Geschoss“ op d‘Wiss, wou et dann eescht ginn ass. Spéitstens hei huet een erkannt, wien deemnächst eng Chance huet sech um Lëtzebuerger Weltraumprogramm ze bedeelegen, a wien sech nach emol sollt de Bauplang virun Ae féieren. Erfreelech Feststellung: keng Rakéit ass um Buedem bliwwen.

Et ass net nëmmen no de Stäre gegraff ginn

Zockerwatt, méi brauch et oft net fir e Kannerhäerz méi séier schloen ze doen. Mee einfach esou Zockerwatt maachen, dat wier dann awer ze einfach. Nee hei zu Lëlz hunn d‘Kanner déi „Crazy“ Zockerwatt zesummegeneelt. Faarweg wéi e Papagei, an esou séiss ewéi… jo bon Zocker, wat hat dir da geduecht? Si hunn eis du schmaache gelooss, an si war besser wei déi op de Kiermes.

Nieft dem „Rakéiten-Atelier“ huet selbstverständlech och nach ee ganze Koup aner Atelieren an Aktivitéite ginn. D‘Kanner hunn e Abléck an déi sougenannte Molekular-Kiche kritt. Esou huet et sech erginn, datt d‘Kreatioun vu „Bubble-Tea“, wann een dann d‘Schrëtt an der richteger Folleg duerchhëlt, zwar verréckt ausgesäit, esou schwéier um Enn awer net ass.

Splash

Och mat Elektresch loossen sech flott Experimenter maachen. An esou eng Tesla-Spull huet eppes. © Max Zuidberg/PIN‘s Asbl

Alles konnte mir dann awer net gesinn, mee et ass eis bericht ginn, datt den Ëmgang mat der Tesla-Spull beandrockend war, an ee mat Damp Energie hierstelle kann. Vill Freet haten d‘Kanner dann och beim Héichseelgaart am Mariendall, a well esou eng topeg Cyanobakterie de Wee zum Stauséi verspaart hat, ass een op Réiden an d‘Schwämm gaangen. Dat huet och Spaass gemaach…

Mat dëser éischter Editioun, well an Eegeregie organiséiert, steet PIN‘s Asbl op eegene Been. Un hirem allgemenge Programm iwwert d‘Joer ännert dat näischt, eenzeg a Punkto Finanze misst ee sech mat Partner ëmginn. E konventionéiert Partenariat mam SNJ wier eng Optioun, wann et net zu laaschte vun der Onofhängegkeet geet. Och vun den FNR-Ressource wëll een eppes erhalen.

Wien se sinn a wéi et weidergeet

D‘PINS Asbl ass 2009 gegrënnt ginn, an huet al Zil, d‘Vulgarisatioun vun de Wëssenschaften duerch eng spilleresch Approche mat interaktivem Charakter. Säin Ursprong huet d‘Asbl am Joer 2003, wou beim Science Festival eng Partie vun den aktuelle Memberen, wëssenschaftlech Ateliere realiséiert an animéiert hunn.

Zanterhier, ass PINS vun de Schoulen, de Maison Relais, mee och de Elterevereenegungen unerkannt ginn, an d‘Asbl kritt regelméisseg Ufroen, fir Atelieren ze organiséieren. An et sinn dann och tatsächlech d‘Kanner déi duerno froen. Am allgemengen dierf een hei zoufügen, datt jo och de neie Schoulsystem, deen d‘Wëssenschafte vermëttele wëll, e groussen Notzen heivunner huet.

Splash

D‘Kim, ganzer 22 Joer jonk a Studentin op der Universitéit zu Freiburg, engagéiert sech säit fënnef Joer an dëse wierklech interessante Projet. Wann alles säi gewinnte Laf hëlt, ass d‘Kim och bei der Editioun 2019 vum Science Summer Splash nees mat derbäi. © Martine de Lagardère/moien.lu

A well den Interessi esou grouss ass wéi d‘Engagement vun de Memberen, geet PINS Asbl d‘Aarbecht och net aus. Et ass zudeem erwisen, datt duerch d‘Interventioun vun „externe“ Persounen, d‘Kanner d‘Wëssenschafte mat deem Virwëtz deen hinnen eegen ass, op eng flott spilleresch Aart a Weis nobruecht kréien. Vill vun de Kanner bleiwen dann och derbäi…

Fir d‘Ausgab „Science Summer Splash“ 2019, esou de Plang, sollen zwou Gruppe vu bis zu 20 jonke Leit um Camp sollen deel huelen. Eng Grupp am Alter vun 11 bis 14 Joer, eng aner fir Kanner tëscht 15 an 18 Joer. Déi néideg Informatioune gëtt et mat Zäiten, dat wielweis um Site vun der Asbl oder op hirer Facebooksäit. Hei gëtt dann och soss vill Wëssenswäertes.

Foto: Beim Science Summer Splash, dee vun der Pin‘s Asbl organiséiert ginn ass, konnt ee sech op spilleresch Aart a Weis mat der Wëssenschaft ausenanersetzen. Vill Experimenter, donieft och nach Spill a Spaass, fir 16 Kanner eng ganz flott Erfarung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Lëlz, PINS Asbl, Science Summer Splash, Stauséi
Next post Previous post