Search

You may also like

Esou net Madamm Detaille!
International Neiegkeeten Stories

Esou net Madamm Detaille!

D’Pirate weisen sech entsat iwwert d’Aussoe vum Michèle Detaille, Presidentin

Migratioun an Asyl: D’Europa-Festung ass keng Léisung!
International Neiegkeeten Stories

Migratioun an Asyl: D’Europa-Festung ass keng Léisung!

En Donneschdeg, den 12. Mäerz 2021 hu sech d’Banneministère vun

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn
International Neiegkeeten Stories

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un

Well (aus Grënn) den drëtten Deel vum Weltklimabericht eréischt am Mäerz 2022 verëffentlecht soll ginn, huet de Grupp „Scientist Rebellion“ schonn emol den Entworf publizéiert; dat fir ze verhënneren, datt déi bekannte Lobbygruppen an dësem Text „Korrekture“ virhuelen. Mee wat wëllen dës „aktivistesch Wëssenschaftler“?

De Grupp/Mouvement „Scientist Rebellion“ ass an der Schwäiz entstanen, regruppéiert allerdéngs Wëssenschaftler, déi sech selwer als „Aktiviste mat ënnerschiddlechem Wëssenschaftsbackground“ bezeechnen, huet erkläert den drëtten, eigentlech nach „geheimen“ Deel vum IPCC-Bericht der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen, well d‘Situatioun wäit iwwer „dramatesch“ bewäert gëtt.

Et mécht jo och Sënn, esou Dokumenter ze leaken, well an alle sougenannten „Zesummefaassung fir politesch Entscheedungsträger“ (Summary 4 Policymakers) gouf bis ewell ëmmer eppes vill „retouchéiert“. Domadder huele Politiker „mat Interessen“ an d‘Lobbyiste vu Wirtschaft/Industrie en driekten Afloss, op déi Informatiounen, déi allgemeng vun de Medien interpretéiert solle ginn.

Dat wier ugesiichts de Besëtzverhältnisser vun eben de (Mainstream) Medien zwar net wierklech noutwenneg, mee et schéngt een sech net ze trauen. Déi aus Klimasiicht verbriecheresch Politiker, hu jo ënnerschiddlech Interessen dorunner, de Bericht dee vun de Wëssenschaftler virgeluecht gouf, rhetoresch den Besoinen an Ufuerderunge vum „Geld“ unzepassen. D‘Auteuren si jo fäerdeg…

An esou gouf scho bei alle virechte Berichter alles wat net an déi jeeweileg politesch Agenda passt, entweder den Ufuerderungen entspriechend korrigéiert oder direkt ganz gestrach. Alles fräi nom Motto: „Mir kënnen Industrie a Privilegien net zerstéiere just fir de Planéit ze retten“. Dat mécht esouguer Sënn, well déi privilegiéiert vun Haut kënne streng biologesch gesinn, d‘Enn net erliewen.

„Mir“ sinn einfach ze Blöd

Zanter elo ronn 50 Joer gëtt d‘Wëssenschaft entweder vun der Politik kläglech ignoréiert. Fir hei sécherzestellen, datt dat esou bleift, kréie vill (ganz vill) Politiker jo och gewëssen Zouwennunge wéi postpolitesch Beschäftegungsmesure säitens Industrie a Wirtschaft zougeséchert. Dat geet esou natierlech net duer, gutt Sécherheetssystemer si bekanntlech „Redundant“, awer och duebel deier.

An esou huet „Industrie & Wirtschaft“ am leschte Joerhonnert, Milliarden iwwer Milliarden an d‘Erstelle vu „passenden Etüden“, d‘Korruptioun vu Wëssenschaftler, d‘Bestiechung vu Beamten an anerem méi gestach. Dat mat vill Erfolleg deemools a wuel och nach haut. De Klima ass jo och net dem Mënsch säi gréisste Problem, an dat bëssi Jugend dat sech Suergen ëm d‘Zukunft mécht…

A wëll Politik net fir d‘Humanitéit als Solches agéiert, d‘Finanzmuecht am Drogerausch bereet ass déi eege Kanner um Altor vun der Groussfinanz ze afferen, hunn déi Persoune wou d‘Dokumenter weidergeleet hunn, vill gutt Grënn d‘Käpp hannerwands ze halen. Esou eppes kéint vill méi deier ze stoe kommen, wéi just datt Titel oder Carrière bei der Däiwel fueren. En Accident ass séier geschitt.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Annex:

Related topics IPCC-Bericht, Klimakris, politesche Bedruch, Scientist Rebellion, Weltklimabericht
Next post Previous post