Search

You may also like

MeteoLux informéiert: „et läit Schnéi an et kënnt es nach derbäi“
Neiegkeeten

MeteoLux informéiert: „et läit Schnéi an et kënnt es nach derbäi“

Wien sech am Télétravail oder dem Wanterschlof befënnt, deem kéint

money
USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien
Neiegkeeten

USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien

Déi vun den USA fir d‘Tierkei an Indien agefouert Vergënschtegungen

Gesicht: Schrëftsteller a Komponisten
Neiegkeeten

Gesicht: Schrëftsteller a Komponisten

De Kulturministère verfollegt seng Politik weider. En huet Moossnamen zur

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: D’Gemeng Mamer huet fir ee Joer verlängert

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: D’Gemeng Mamer huet fir ee Joer verlängert

Nodeems d’Gemeng Mamer am Mäerz 2020 mam Label „SuperDrecksKëscht® fir Betriber“ ausgezeechent ginn ass, weist de Schäfferot sech immens houfreg, dass een d’Zertifizéierung ëm ee Joer verlängeren duerft. Domat verflicht sech 14 Gemengegebaier den Offall ëmweltgerecht ze entsuergen.

Zënter 1992 verginn d’Ëmweltverwaltung, d’Handelskummer an d’Handwierkerkummer no engem positiven Audit de Label „SuperDrecksKëscht® fir Betriber“ un déi Entreprisen, Institutiounen a Gemengen, deenen d’Ëmwelt och a Saachen Offallbesäitegung um Häerze läit.

Op Basis vun der EU-Strategie huet de Lëtzebuerger Staat d’Zertifizéierung an d’Liewe geruff, fir d’Vermeidung vum Offall, d’Opbereedung vu Materialien, de Recycling an aner Verwäertungsméiglechkeeten an de Fokus réckelen.

An der Gemeng Mamer hu folgend Gebaier de Label verlängert kritt: Jugendhaus (Mamer), Sportkomplex François Trausch (Mamer), Gemengenhaus Mamer Schlass (Mamer), Kinneksbond Schoulcampus (Mamer), Maison Relais Kinneksbond (Mamer), Kinneksbond Kulturzentrum (Mamer), Sportshal Nicolas Frantz (Mamer), Service de Régie (Mamer), technesche Gemengendéngscht (Mamer), Schoulcampus (Capellen), Maison Relais (Capellen), Clubhaus am Brill (Capellen), Konschtgalergie op der Kap (Capellen) an de Festsall zu Holzem.

Opmaacherbild: © Sigmund / Unsplash

Related topics Ëmwelt, Gemeng Mamer, Offall, Recycling, SuperDrecksKëscht fir Betriber, Trennung, Zertifizéierung
Next post Previous post