Search

You may also like

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“
International Kultur

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“

Längst eng Traditioun an net méi aus dem Kulturkalenner ze

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I
International Kultur

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen
International Kultur

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et

Se sinn net Doud, se rocke nach!

Se sinn net Doud, se rocke nach!

D’Rolling Stones hunn hir Europatournée mat engem Open-air Concert am Hamburger Stadpark agelaut. Déi wahrscheinlech legendäerst nach praktizéierend Rockband huet e Samschdeg 82.000 Fans an de musikaleschen Nirvana entfouert.

Esou al gëtt keng Kou an dat verréckt, et gesäit een hinnen dat net emol un. D’Quartett: Mike Jagger, Keith Richards, Charlie Watts a Ronnie Wood hunn et nach ëmmer Fauschtdéck hannert den Oueren. A vu Middegkeet net déi geréngste Spuer. Vu lénks no riets, vu vir no hannen, den Jagger huet d’Bühn am Stadpark vun Hamburg voll ausgenotzt.

Dat hien der scho 74 ass, dofir muss een dann awer ganz genee hikucken. Déi ganz Band ass iwwregens 293 Joer al, an gehéiert definitiv net zum alen Eisen. Se hunn eng Show gebueden déi keng Zweiwel opkomme léisst: si hunn nach d’Feier an d’Loscht dem Public eppes fir hiert Geld ze bidden.

Et war allerdéngs Gedold gefuerdert. No zwou Stonne waarden am ausverkaafte Stadpark ass awer dunn endlech lassgaangen. „Sympathy for the Devil“ huet als Ouvertüre missen hierhalen, a mat „It’s only Rock’n Roll“ hunn d’Stones da kloer gemaach wouhinner d’Rees sollt goen. D’Stëmmung huet och vum éischten Takt un ugezunn.

Kaum datt déi éischt Riffs erklonge sinn, waren se zu Hamburg nees alleguerte wakereg. D’Hänn an der Luucht an mat vollem Asaz huet sech alles der Bühn zougewennt. Mat engem Set vun 22 Lidder ass dann och kengem Langweileg ginn. Alles am Grëff, a mat Evergreens wéi „Can’t always get…“ oder „Miss you“ hunn d’Rolling Stones eng proper Linn verfollegt.

Rolling Stones Frontmann Mike Jagger, net nëmmen eng Ikon vum Rock’n Roll, mee virun allem Liewensfrou. Mat 73 Joer voll mat derbäi, statt nëmme mattendran. (© Carsten Rehder/dpa/AFP)

„Hutt der Spaass?“ freet den Jagger tëscht zwee Lidder, an de Buedem bieft als Äntwert. Mee déi 82.000 waren net alleguerten aus Hamburg, och wann d’Stad de Stones um Häerz läit. „Hamburg ass eng gutt Plaz fir eng Carrière ze starten“, esou den Jagger mat enger Uspillung un Beatles. An dat gesot ass et weider gaangen.

Bei „Satisfaction“ war dann den endgültegen Héichpunkt erreecht, mee d’Stones wieren net d’Stones, wann do net nach eppes géif goen. An si hunn och nach eng drop geluecht: Zwou Zugaben „Gimme shelter“ an „Jumpin’ Jack Flash“ déi de Public op de leschte Meter nach emol voll gefuerdert hunn.

No gutt zwou an eng hallef Stonn war de Concert dann eriwwer. D’Rolling Stones hunn et op e neits bewisen: „Mir sinn einfach do a wäerten och ëmmer do sinn“, sot e Fan, deen d’Band virun iwwer 20 Joer fir d’Läscht gesinn hat. Et war a 55 Joer de Stones hiren aachte Concert zu Hamburg an op se nach eng Kéier zréckkommen ass net gewosst. Op de groussen LED-Wänn war awer emol ze liesen „Bis Bald“…

mat AFP

Foto: (v.l.n.r.) Ronnie Wood, Mike Jagger (verstoppt den Charlie Watts) an de Keith Richards. Dat sinn d’Stones, legendär awer net Doud. Hiren éischte Concert zu Hamburg war am Joer 1965, et war en 13. September… (© Carsten Rehder/dpa/AFP)

Related topics Charlie Watts, Hamburg, Keith Richards, Mike jagger, Rolling Stones, Ronnie Wood
Next post Previous post