Search

You may also like

Loscht op e gudde Pättche Wäin?
International Neiegkeeten

Loscht op e gudde Pättche Wäin?

Wann de ganze Summer iwwer a villen Dierfer déi lokal

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
International Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
International Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

SEA-EYE 4: 400 Mënscheliewe gerett, e sécheren Hafe gëtt et awer nach net

SEA-EYE 4: 400 Mënscheliewe gerett, e sécheren Hafe gëtt et awer nach net

D’Séinoutrettungsschëff Sea-Eye 4 huet banne véier Deeg a wärend 6 schwéieren Asätz méi wéi 400 Mënscheliewen an der libeschen a maltesesche Rettungszone gerett. Elo sichen si e sécheren Hafen. Bis ewell huet sech allerdéngs nach keng Autoritéit op hir Ufro gemellt – ausser Malta, déi schonn ofgeleent hunn. Déi Gerette kommen aus ënnerschiddlechen Natiounen, et si vill Mannerjäreger dobäi.

Een Dokter vu German Doctors këmmert sech ëm déi medezinesch Versuergung, et waren 25 Mënschen an engem kriteschen Zoustand. E Jong vun 8 Joer war net méi uspriechbar, vun de psychologesche Folgen brauch een net unzefänken.

Mëttlerweil konnt all Patient stabiliséiert ginn, dräi schwanger Fraen an e Puppelche sinn a gudder Verfassung. E Mann huet eng Longenentzündung, säi Covid-Test war negativ. Déi Gerette waren ënnert anerem ënnerkillt, ënnererniert dehydratéiert. Vun Erschëpfung guer net ze schwätzen.

Sea-Eye 4
© Guillaume Duez / Sea-Eye

Zur selwechter Zäit huet d’UNHCR bericht, datt déi sougenannt libesch Küstewuecht 650 Mënschen dovunner ofgehalen huet, d’Krichsland Libyen ze verloossen.

„Mir hoffen, datt eis an den nächste Stonnen e sécheren Hafen zougewise gëtt. Eis Crew ass zanter méi wéi 96 Stonnen am Asaz. An dat well et iwwerhaapt keng staatlech Ustrengung ginn ass, dëse Mënschen ze hëllefen“, seet de Gordon Isler vu Sea-Eye.

D’SEA-EYE 4 fiert a Richtung Norden a waart drop, datt eng europäesch Rettungsleetstell déi weider Koordinatioun iwwerhëlt. „Eist neit Bordspidol ass am Dauerasaz, mir freeën eis iwwert d’Ënnerstëtzung an d’Wësse vu German Doctors. D’Entlaaschtung am medezinesche Beräich ass wierklech ze spieren. Dat gëtt eis Réckhalt fir all déi aner Aufgaben am Schëffsbetrib“, seet de Gordon Isler nach.

An Däitschland hunn sech well 247 Gemengen a Stied bereet erkläert déi gerette Mënschen opzehuelen, 750 Institutiounen fuerdere méi europäesch Solidaritéit an Humanitéit. Domat géing Europa dat richtegt Zeeche setzen.

Opmaacherbild: © Guillaume Duez / Sea-Eye

Related topics German Doctors, medezinesch Versuergung, Mëttelmier, Sea-eye 4, sécheren Hafen, Séinoutrettung
Next post Previous post