Search

You may also like

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee
International Neiegkeeten

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

Léif Kolleginnen a Kollegen, Watfireen 1. Mee?!? Fir d‘zweet Joër

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz
International Neiegkeeten

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz

De „Nuit des Lampions“ ass e magesche Festival, an dee

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
International Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

SEA-EYE 4: Italienesch Küstewuecht setzt déi nei Éierebierger zu Palermo fest

SEA-EYE 4: Italienesch Küstewuecht setzt déi nei Éierebierger zu Palermo fest

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye huet de Weekend nees vill erlieft. De Buergermeeschter Leoluca Orlando huet d’Crew e Freidegowend zu Éierebierger vun der Stad ernannt. Domat huet Palermo alt erëm seng Solidaritéit zur Séinoutrettung gewisen. Fir d’Crew vum Rettungsschëff ass et schéin ze wëssen, datt si Frënn a Sizilien hunn.

SEA-EYE 4 zu Palermo
Sea-Eye / Facebook

Gläichzäiteg hunn Inspektere vun der italienescher Küstewuecht decidéiert, datt dat neit Rettungsschëff festgesat gëtt. Leider ass dat keen Eenzelfäll, mee traureg Realitéit. Wéi geet et elo weider?

Och aner Rettungsschëffer hunn ënnert dëser Ongerechtegkeet ze leiden – et ginn allkéiers technesch Grënn opgefouert, fir weider Asätz ze stoppen an ze verhënneren.

Dozou seet de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye, datt et am Prinzip ëmmer ëm d’Argumentatioun geet, datt däitsch Rettungsschëffer ze vill Mënsche virum Erdrénke retten. Fir dësen humanitären Zweck wieren d’Schëffer falsch zertifiéiert.

Am Rapport vun der Küstewuecht steet, datt déi ze grouss Unzuel vun de gerette Persounen eng eescht Gefor fir d’Schëff an d’Besatzung duerstellt. Fir d’Festsetzung vum Rettungsschëff duerch 10 grotesk Grënn ze ënnermaueren, hunn d’Inspektere vun der italienescher Küstewuecht 12 Stonne gebraucht.

De Kapitän vun der SEA-EYE 4 soll also géint den Artikel 98 vum Séirechtofkomme verstouss hunn, andeems hien ze vill Mënsche gerett soll hunn. Dobäi gesäit den Artikel 98 déi explizit d’Flicht zur Séinoutrettung vir.

Och hei fënnt de Gordon Isler kloer Wierder: „Eise Kapitän ass senger Flicht zur Séinoutrettung virbildlech nokomm. Hien huet Noutfäll gesinn an eng sécher Rettung duerchgefouert. Dorunner kéinten sech vill EU-Staaten e Beispill huelen.“

SEA-EYE 4 zu Palermo
„Ze vill Mënsche gerett: D’SEA-EYE 4 gouf vun der italieneschen Autoritéiten no enger Hafenstaatkontroll vun 12 Stonnen zu Palermo festgesat“ heescht et op de soziale Medien © Sea-Eye / Facebook

Mam Rettungsschëff SEA-EYE 4 sinn et mëttlerweil 4 Schëffer, déi vun den italieneschen Autoritéite festgesat gi sinn. Vun de selwechte Moossname sinn d’ALAN KURDI, d’SEA-WATCH 3 an d’SEA-WATCH 4 betraff.

Bleift nach ze soen, datt d’SEA-EYE 4 am Mee hier éischt Rettungsmissioun duerchgefouert huet. Dobäi huet d’Séinoutrettungsorganisatioun 408 Mënscheliewe gerett, dorënner waren 150 Kanner.

Schlussendlech konnten dës Mënschen den 21. an 22. Mee zu Pozzallo a Sizilien u Land goen, allerdéngs war d’Sich no engem sécheren Hafen net ganz einfach. Wéi sou dacks hunn déi italienesch Autoritéiten d’Rettungsschëff behënnert a schikanéiert.

Leider steet dëst Virgoen un der Dagesuerdnung.

Opmaacherbild: © Sea-Eye

Related topics Éierebierger, festgesat, Gordon Isler, italienesch Autoritéiten, Palermo, SEA EYE 4, Sea-Eye, Séinoutrettung, Sizilien
Next post Previous post