Search

You may also like

E Summer ouni Sonnebrand: Zéng gratis Sonnecrème-Statiounen stinn elo landeswäit zur Verfügung
International Neiegkeeten

E Summer ouni Sonnebrand: Zéng gratis Sonnecrème-Statiounen stinn elo landeswäit zur Verfügung

Seng Haut mat Sonnecrème ze schützen ass fir sou muncher

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung
International Neiegkeeten

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung

Nom Dout vum Ahmaud Arbery am Februar 2020 koum dem

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm

D’Sea-Eye 4 krut endlech en sécheren Hafen zougewisen

D’Sea-Eye 4 krut endlech en sécheren Hafen zougewisen

Mat 400 gerette Persounen u Bord, krut d’Rettungsschëff Sea-Eye endlech en sécheren Hafen zougewisen. Nodeems d’Crew deeglaang op eng Äntwert gewaart huet, däerf d’Schëff elo endlech den Hafe vu Sizilien ulafen. Datt dësen 2 Deeg wäit ewech ass, suergt allerdéngs fir Onverständnis.

D’Rettungsschëff läit nämlech scho virun der Stad Palermo, do hätt een d’Mënschen direkt u Land kéinte bréngen. De Buergermeeschter selwer hat sech oppe fir Hëllef ausgeschwat.

„Wéi kënnt een op d’Iddi e Rettungsschëff mat Honnerten erschöpfte Mënschen an 150 Kanner op eng zwee Deeg laang Rees ze schécken, obwuel si scho virun engem sécheren Hafe sinn?“ huet d’Organisatioun sech op d’Twitter gefrot.

Sea-Eye 4
© Guillaume Duez / sea-eye

De Gordon Isler vu Sea-Eye bezeechent dës Moossnam als Schikan, et geet Roum anscheinend nëmmen drëm, och an Zukunft hier Missiounen ze verzögeren.

Ënnert de Gerette sinn schwanger Fraen, déi elo nach zwee Deeg mussen op Séi verbréngen. E jonke Mann ass vun der Küstewuecht vum Rettungsschëff bruecht ginn. Hien huet en Häerzproblem a brauch eng intensivmedezinesch Behandlung.

Opmaacherbild: © Guillaume Duez / sea-eye

Related topics Gordon Isler, Palermo, Rettungsschëff, Schikan, Sea-eye 4, sécheren Hafen, Séinoutrettung
Next post Previous post