Search

You may also like

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land
International Neiegkeeten

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Si sinn déi grouss Gewënner vun de Chamberwahlen 2018. Zéng

Nei Petitiounen online
International Neiegkeeten

Nei Petitiounen online

Zanter dem leschte Freideg, sinn sechs nei Petitiounen um Site

Amerika um Wee an d‘Anarchie?
International Neiegkeeten

Amerika um Wee an d‘Anarchie?

Déi aner Säit vum grousse Pull hat et um 1.

E Kaddo fir de Seehofer: Sea-Eye huet zesumme mat 8.124 Donateure gratuléiert

E Kaddo fir de Seehofer: Sea-Eye huet zesumme mat 8.124 Donateure gratuléiert

Et war nawell eng gelongen Aktioun déi d’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye sech afale gelooss huet. Am Kader vun der Campagne #einGeschenkfuerHorst, déi fir dem däitsche Politiker säin 72. Gebuertsdag an d’Liewe geruff gouf, wollten d‘Séinoutretter dem Horst Seehofer e Sonndeg virum Bundesministerium fir Bau an Heemecht ee sougenannte Spendencertificat iwwer 250.000 Euro iwwerreechen.

Dëse konnt allerdéngs net zougestallt ginn. An awer sinn an Däitschland iwwer 250 Gemengen a Stied dozou bereet, schutzsichend Mënschen opzehuelen. Mat dëser Aktioun, déi an de soziale Medie grouss Wëlle geschloen huet, erënnert Sea-Eye un dem Horst Seehofer seng berühmten Ausso, datt hien sech fir säin 69. Gebuertsdag iwwer 69 Ofschiebunge géing freeën. Mat de Spende gëtt elo den nächste Rettungsasatz mat der SEA-EYE 4 organiséiert.

D’Séinoutrettungsorganisatioun hat prominent Ënnerstëtzung, ënnert anerem vum Klaas Heufer-Umlauf, dem Sophie Passmann, dem Ruth Moschner, dem Joko Winterscheidt, dem Jan Delay, sou wéi villen aneren.

Et bleift ofzewaarden, ob dës Spendenaktioun och e bëssen zur Sensibiliséierung bäigedroen huet. De Moment ginn e puer Séinoutrettungsschëffer an italieneschen Häfe festgehalen – an dat mat topege Begrënnungen. D’Haaptsaach ass, dat déi Flüchtend Europa net erreechen.

De Bundesinneminister gëtt net midd, flüchtende Mënschen den néidege Schutz ze verweigeren. Et schéngt, wéi wann e keng europäesch Léisung wéilt fannen. An dat ass schued.

Related topics Abschiebung, Flüchtlingen, Horst Seehofer, Politik, Sea-Eye, Sensibiliséierung, Söinoutrettung
Next post Previous post