Search

You may also like

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy
International Neiegkeeten

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy

E Freideg geet se nees lass: eng weider Editioun vun

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage
International Neiegkeeten

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage

Mam Gesetzprojet 7642, soll d‘Gesetz vum 21. September 2006 betreffend

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!
International Neiegkeeten

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!

Déi nächst temporär Ausstellung vum Lëtzebuerger Dokumentatiounszentrum vun der Migratioun

Blockade vun der ALAN KURDI – Sea-Eye verklot Italien

Italienesch Küstewuecht verweigert weider Inspektiounen

Blockade vun der ALAN KURDI – Sea-Eye verklot Italien

Zënter dräi Méint hält déi italienesch Küstewuecht d’Rettungsschëff ALAN KURDI an Olbia op Sardinien fest. Aus dësem Grond huet Sea-Eye de 5. Januar 2021 beim Verwaltungsgeriicht a Cagliari eng Klo agereecht. Elo soll d’Geriicht iwwert d’Rechtméissegkeet entscheeden.

Déi italienesch Küstewuecht argumentéiert ënner anerem, datt d’Rettungsschëff ze wéineg Toiletten u Bord hätt, d’Fäkalientanker ze kleng wieren an et wären ze vill Rettungswesten u Bord. Et sinn déi selwecht politesch motivéiert Argumenter, déi vun der Küstewuecht och géint aner däitsch Rettungsschëffer virgedroe ginn.

Fir d’lescht huet déi italienesch Küstewuecht weider Inspektioune verweigert. Als Argument gouf gesot datt, d’Erklärunge vun der däitscher Flaggenstaatverwaltung an der Klassifikatiounsgesellschaft “keng eendeiteg Beweiser” dofir wären, datt no de Mängel gekuckt gi wier.

“D’Küstewuecht hëlt aus reng politesche Motiver bewosst eng grondsätzlech géigesätzlech Haltung zu den däitsche Kolleeg*innen an a schaaft esou eng Situatioun, déi net ze léisen ass. Dofir kënne mir praktesch näischt aneschter maachen ewéi erëm viru Geriicht ze goen“, erkläert de Gordon Isler, Virsëtzender vu Sea-Eye e. V.

Mat Bléck op d’Geriichtsverhandlung vun der Séinoutrettungsorganisatioun SeSea-Watch – hier Klo géint d’Festsetzung vun zwee Rettungsschëffer gouf den 23. Dezember 2020 vum Verwaltungsgeriicht a Palermo un den Europäesche Geriichtshaff verwisen, seet den Här Isler: “Mir fäerte ganz, datt eise Fall och un den Europäesche Geriichtshaff verwise gëtt. Ee Verfare vun e puer Joer géing grouss Problemer mat sech zéien a grondsätzlech vill Froen opgeheien. Och e blockéiert Schëff kascht vill Suen. Dat si Spenden, déi mir léiwer géingen an d’Ausrüstung vun eisem neie Rettungsschëff SEA-EYE 4 investéiere wéilte fir Mënscheliewen ze retten, aplaz viru Geriicht iwwert politesch motivéiert Argumenter ze streiden.”

Ënnerhalb vu kuerzer Zäit ass dëst déi zweet Festsetzung: Schonn am August huet sech Sea-Eye géint d’Festsetzung vun der ALAN KURDI wiere missen. Bis haut gëtt et an dëser Saach nach keen Geriichtsrendezvous.

Related topics Alan Kurdi, Festsetzen, italienesch Küstewuecht, Klo, Olbia, Sea-Eye, Séinoutrettung, Verwaltungsgeriicht
Next post Previous post