Search

You may also like

Amnéviller Zoo: Vun onzefriddene Mataarbechter, engem choleresche Chef an um Site begruewen Déieren
International Neiegkeeten

Amnéviller Zoo: Vun onzefriddene Mataarbechter, engem choleresche Chef an um Site begruewen Déieren

Säit dem Dout vum fréiere stellvertriedenden Direkter Jean-Marc Vichard am

En Highway fir de Vëlo
International Neiegkeeten

En Highway fir de Vëlo

Gëschte um Fonds Belval huet de Mobilitéitsminister François Bausch zesumme

money
Erfreelech Ofhängegkeeten
International Neiegkeeten

Erfreelech Ofhängegkeeten

Nodeems schon déi amerikanesch Ratingsagencen „Standard & Poor‘s“ a „Fitch“

„Léif CDU/CSU, dir sidd nach net fäerdeg!“

D'Sea-Eye kroopt sech de Wahlprogramm vun der Unioun

„Léif CDU/CSU, dir sidd nach net fäerdeg!“

Dëse Plang soll déi chrëschtlech, sozial an demokratesch Wäerter nei beliewen. Ma ob dat eppes gëtt? D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye start zesumme mam Philipp an dem Keuntjen analog zum Walprogramm vun den Uniounsparteie „Ein guter Plan für Deutschland” eng Websäit mam nämmlechten Numm.

Dës ass ënnert www.egpfd.de ze fannen. Op där Säit gëtt kloer Bezuch op d’Vernoléissegung am neie Walprogramm geholl, an drop verwise wat besonnesch feelt – an dat ass eng kloer Haltung zu der Séinoutrettung.

Europa soll endlech zu senge Wäerter stoen a sech net hannert déi libesch Küstewuecht verstoppen. Dobäi läit ee vun den Haaptpunkte bei de Mënscherechter, an dësem Kader setzt Sea-Eye op déi sozial a chrëschtlech Flicht zur Séinoutrettung. Dës weideren entwéckelt d’Organisatioun en Fuerschungsprogramm fir déi däitsch an europäesch Politik.

„Mir wollten d’Politiker dorunner erënneren, datt hire Parteinumm méi wéi eng einfach Ofkierzung ass. En huet e Wäert, fir deen si och astoe mussen“, seet d’Sophie Weidenhiller, Pressespriecherin vu Sea-Eye e.V.

De Message ass kloer an net schwéier ze verstoen: Wien fir europäesch Wäerter steet, kann a soll keng Mënschen erdrénke loossen a soll dës Wäerter och an der Politik selwer ëmsetzen. Punkt.

Related topics CDU/CSU, Däitschland, egpfd, Ein guter Plan für Deutschland, Flüchtlingen, libesch Küstewuecht, Sea-Eye, Séinoutrettung, Wahlprogramm
Next post Previous post