Search

You may also like

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou
International Neiegkeeten

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou

Leschte Freideg war de Klimaschutzprogramm virgestallt ginn, an d‘Eckpunkte vun

Wat war op eise Stroossen lass? Neies aus dem Policebulletin
International Neiegkeeten

Wat war op eise Stroossen lass? Neies aus dem Policebulletin

Den Dënschdeg, de 15 Juni koum et um spéiden Owend

Weltausstellung 2020: E sozialistesche Projet
International Neiegkeeten

Weltausstellung 2020: E sozialistesche Projet

Wéi en Aarbechtsrecht gëllt fir de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai?

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye

D'Staatsanwaltschafft ermëttelt weider géint den Georg Pazderski

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye

D’Landesgeriicht Berlin huet eng eenstweileg Verfügung géint den Georg Pazderski, ehemolegen stellvertriedenden Bundesvirsëtzenden a virsëtzenden vun der AFD-Fraktioun am Berliner Parlament erlooss. Déi éischtwéileg Verfügung ënnerseet him, ze behaapten,d’Séinoutretterinn*innen vun Sea-Eye hätten den Attentäter vun Nice an Europa bruecht.

De Paszderski hat dës Usiicht op Facebook behaapt. De Post gouf direkt dausendfach gedeelt. Als Konsequenz dorop hunn d’Séinoutretter*innen zuelräich Morddreeungen an Haassnoorichte erhalen.

Sea-Eye huet de selwechten Dag kloergestallt,dass dës Behaaptungen net den Tatsaachen entsprécht. Déi italienesch Banneministesch konnt bestätegen, datt de Mäerder vun Nice an engem klengen Schlauchboot selbststänneg ukomm ass. Och déi däitsch Banneministesch huet schonn virun der Ëffentlechkeetsaarbecht gesot, dat de gesichte Mann sech ofgesat huet.

Pazderskisea-eye / Facebook

„Mir mussen dovunner ausgoen, datt et dem Pazderski seng Ofsicht war Situatiounen an d’Betraffenheet vun de Mënschen gezielt auszenotzen, fir sech politesch ze profiléieren. Opmierksamkeet ze erhaschen a géint eis Organisatioun ze hetzen. De Mëssbrauch vun dësem aarmséilege Leed gëtt der Gesellschaft en eendeitege Bléck op de Charakter vun engem Politiker”, seet de Gordon Isler, Virsëtzende vun Sea-Eye e. V.

Doriwwer eraus geet Sea-Eye zivilrechtlech géint den Georg Pazderski vir. D’Landesgeriicht Berlin huet schonn am November eng Verfügung géint den AFD-Politiker erlooss.

En g Geldstrof vu bis zu 250.000 Euro oder eng Prisongsstrof kommen op den Här duer, sollt e sech net un d’Reegelen halen.

Fir de Fall, datt de Padzderski viru Geriicht wëll goen, muss hien sämtlech Käschten droen.

Opmaacherfoto: © Joris Grahl / sea-eye

Related topics AFD-Politiker, Berliner Landesgeriicht, Georg Pazderski, Gordon Isler, Nice, Opmierksamkeet, Sea-Eye, Sozial Medien
Next post Previous post