Search

You may also like

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?
International Neiegkeeten

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri

Belschen F16 am Frankräich gecrasht
International Neiegkeeten

Belschen F16 am Frankräich gecrasht

D‘Autoritéiten hu gëschter Owend bestätegt, datt et ee Juegdfliger vun

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen
International Neiegkeeten

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen

D’EU-Kommissioun huet decidéiert, datt d’EU-Gewaässerschutzdirektiv WRRL e grondleeënd Element vun

Sea-Eye gëtt Rettungsschëff op – Elo ass nëmmen nach Eent am Asaz

Sea-Eye gëtt Rettungsschëff op – Elo ass nëmmen nach Eent am Asaz

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye trennt sech vun hirem Rettungsschëff ALAN KURDI. E Grond sinn déi heefeg Festsetzunge duerch déi italienesch Autoritéiten. Finanziell Grënn hunn dofir gesuergt, datt déi italienesch Séinoutrettungsorganisatioun ResQ d’Schëff fir 400.000 Euro kaf huet. Ëmmer dem Numm ResQ PEOPLE wäerte mam Schëff Rettungsasätz duerchgefouert ginn.

Sea-Eye wäert nëmmen nach mat der SEA-EYE 4 op Missioun goen, den Erléis vum alen ALAN KURDI Schëff gëtt dran investéiert. „Fir eis war et eng schwéier, awer och eng vernënfteg Entscheedung“, sot de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye.

Déi italienesch Blockade vun ziville Rettungsschëffer, déi ënnert däitschem Fändel ënnerwee sinn, belaascht d’Organisatioun immens, d’ALAN KURDI ass zweemol aus absurde Grënn festgesat ginn, allerdéngs ass et Sea-Eye allkéiers gelongen no laange Gespréicher a mat juristesche Mëttelen d’Schëff nees fräi ze kréien. Dës Festsetzunge kaschte net nëmme Suen, mee och vill Mënscheliewen. D’ALAN KURDI war dat éischt Schëff ënnert däitschem Fändel an zanter dem Dezember 2018 am Asaz, 12 Missiounen an 240 Crewmemberen hunn am Ganzen 927 Mënscheliewe gerett.

Sea-Eye gëtt Rettungsschëff op
Sea-Eye / Facebook

„Mir sinn dankbar, datt dëst besonnescht Schëff am Asaz bleift. Wann et Organisatioune ginn, déi zwee Schëffer an ze wéineg Ressourcen hunn, da muss een sech mat Frënn zesummesetzen déi Ressourcen hunn an eng Léisung fannen. Mir liewen europäesch Zesummenaarbecht, sou wéi mir se och vun der EU fuerderen“, sou de Gordon Isler weider.

Dobäi ass de Virsëtzende vun der Séinoutrettungsorganisatioun dankbar fir all Spend – sou wéi fir all d’Partenairë, déi dëst Schëff 2 Joer laang an den Asaz geschéckt huet. „Mee eise besonneschsten Dank geet un d’Famill Kurdi. Et war net einfach fir d’Famill d’Haassrieden an de sozialen Netzwierker ze erdroen, mee d’ALAN KURDI gouf e wichtegt Symbol an en Appell un Europa. Mir ginn den Numm zeréck an d’Famill, mat där mir och an Zukunft déif verbonne bleiwen.“

Den Abdullah (de Papp) an d’Tima (d’Tatta) sinn d’Famill vum erdronkene, syresche Jong Alan Kurdi. Déi beweegend Foto vum him um Strand ass deemools uechtert d’Welt gaangen.

Opmaacherbild: © Sea-Eye

Related topics Alan Kurdi, Blockade, Festsetzung, ResQ, Sea-Eye, Séinoutrettung, Verkaf
Next post Previous post