Search

You may also like

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit
International Neiegkeeten

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit

Nodeems an interministeriellen Aarbechtsgruppen den Auswee aus dem „Coronavirus-Shutdown“ virbereet

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt
International Neiegkeeten

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Um Mëttwoch hat et eng Entrevue tëscht enger Delegatioun vum

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

Wat gëtt et Neies vu Sea-Watch?

Wat gëtt et Neies vu Sea-Watch?

D’Mëttelmier ass eng Plaz, wou Roserei, Trauer an Erliichterung no beienee leien. Et ass eng Plaz, wou een net ewech kucken däerf, eng Plaz, wou d’Mënscherechter systematesch gebrach ginn. Eng Plaz, wou Séinoutrettungsorganisatiounen un hir Grenze kommen.

Den 12. Februar 2021 war d’Fligerbesatzung vun der „Seabird“ Zeie vun eppes Onvirstellbarem: Si sinn iwwert e Boot geflunn, knapp 30 Mënsche waren u Bord a keen hat eng Rettungswest un. Si ware verzweiwelt an hunn hir Hänn an d’Luucht gestreckt, an der Hoffnung, datt geschwënn e Rettungsschëff kënnt. D’Besatzung vum Fliger huet Handelsschëffer a Rettungsleetstellen ugefunkt. Mee et koum keng Hëllef, keng Rettung.

Wann Hoffnung zerënnt

Zwee Schnellbooter vun Open Arms hu probéiert dat klengt Boot ze erreechen, wéi e sougenannt Schëff vun der libyscher Küstewuecht déi selwecht Richtung opgeholl huet. Si hunn missen nokucken, wéi d’Küstewuecht probéiert huet, d’Schnellbooter un der Rettung ze hënneren. Gott säi Dank, konnten si awer sécher op d’Open Arms bruecht ginn…

Dës Mënschen hate Gléck. Mee d’Séinoutrettungsorganisatioune mussen all Dag dobäi nokucken, wéi Europa ganz ongenéiert d’Aen zoumécht, wa Mënschen am Mëttelmier an Nout sinn. Esou Momenter bréngen d’Organisatioun un hier Grenzen, an awer kämpfen si weider. Well et dat richtegt ass.

D’Sea-Watch 3, dat Schëff wat am Februar 2021, 363 Persoune gerett huet, krut well e sécheren Hafen. D’Schëff konnt Augusta, Sizilien usteieren, déi éischt Passagéier konnte vu Bord goen.

An der Tëschenzäit gouf d’Sea-Watch 4 vun der Léngt gelooss. D’Rettungsschëff souz en halleft Joer laang am Hafe vu Palermo fest, well et onrechtméisseg blockéiert gouf. Elo ass d’Sea-Watch 4 ënnerwee fir a Spuenien, do gëtt d’Rëttungsschëff fir en nächsten Asaz preparéiert.

Hier Missioun Liewe retten ass nach laang net eriwwer!

Matgedeelt vu Sea Watch – fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Foto: © Sea Watch

Related topics Flüchtlingshëllef, Mëttelmier, Moonbird, Sea Watch, Seabird, Séinoutrettung
Next post Previous post