Search

You may also like

Vereedegung vum neien Iechternacher Schäffen
International Neiegkeeten

Vereedegung vum neien Iechternacher Schäffen

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 11. Dezember 2020 duerft den

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel
International Neiegkeeten

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel

Esou schnell, wéi se ugefaangen hat, esou schnell war se

Dem Bibi seng Exzesser
International Neiegkeeten

Dem Bibi seng Exzesser

Op en neits ass d‘Knesset politesch implodéiert, well et net

Sea Watch: 3 Froen un d’Vera aus der Airborne-Crew

Sea Watch: 3 Froen un d’Vera aus der Airborne-Crew

„Am Optrag vun der EU, déi sech ironescherweis als eng Gemeinschaft vun der Fräiheet, Dignitéit a Mënscherechter bezeechent, schleppt déi sougenannte libysch Küstewuecht Mënschen op der Flucht zeréck an ee Krichsgebitt.” D’Vera engagéiert sech als Spotterin am Airborne-Team, schafft als Fundraiser fir Sea-Watch an ass Veräinsmember.

Firwat bass du hei?

Well ech a kengem aneren Ëmfeld schaffen a liewe wëll. Sea-Watch ass dat, wat entsteet, wa Mënschen aktiv ginn, aplaz driwwer ze schwätzen, wat schif leeft oder wat gemaach muss ginn. Dëser Haltung fillen ech mech voll a ganz verflicht.

Firwat ass d’Aarbecht vu Moonbird sou wichteg?

Well zivil Rettungsschëffer vun den Autoritéiten aus lausegen Grënn festgesat ginn. Dat féiert indirekt zu weideren Doudesfäll op Séi. Ons Aarbecht gëtt deejéinegen eng Stëmm, déi am zentrale Mëttelmier hiert Liewen verléieren oder an e Krichsgebitt verschleppt ginn. Acteure wéi Frontex kënne mat den Daten, déi eis Airborne-Crew sammelt, fir hier Mënscherechtsverletzungen zur Verantwortung gezu ginn.

Wat ass deng Siicht op eng europäesch Migratiounspolitik?

Déi EU-Staaten entscheeden sech fir d’Baussegrenzen zouzemaachen. D’EU zwéngt Flüchtlingen, méintelaang an onmënschlechen Lageren ze liewen. Dës humanitär Kris bei de Baussegrenze vun der EU ass keen Zoufall. Si ass politesch gewollt an Deel vun enger déiwer rassistescher europäescher Migratiounspolitik.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics 3 Froen, Fundraiserin, Sea Watch 3, Séinoutrettung, Spotterin, Vera
Next post Previous post