Search

You may also like

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op
International Neiegkeeten

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op

Ob Pilot mat Lizenz, Amateur oder einfach interesséiert um Rennen,

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“
International Neiegkeeten

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“

Zënter Oktober war een an der Direktioun vun der EUROFOIL

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter
International Neiegkeeten

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter

Bréissel wollt sech eng „Copyright-Direktiv“ ginn, mee um Donneschdeg huet

Sea-Watch 4: Den Hafen vu Palermo gëtt ugesteiert

Sea-Watch 4: Den Hafen vu Palermo gëtt ugesteiert

Nach ëmmer sëtzen iwwer 300 Mënschen op de Sea-Watch 4 fest, wärend säit Wochen aus Séinout gerett Mënschen op der Etienne hänken. Dokteren ouni Grenze behandele vill Patient*inne wéinst Dehydratioun, traumatesche Verletzungen, Ënnerkillung a Kraaftstoffverbrennungen. Si brauchen e sécheren Hafen – elo, an net a puer Wochen!

An dunn goung et ganz séier – endlech! Déi Gerett hunn elo en Hafen a Palermo, Sizilien zougewise kritt. An enger éischter Phas geet et fir eng preventive Quarantaine op en anert Schëff.

Sea-Watch 4

Sea Watch / Facebook

D’Situatioun um 30. August an 31. August

An der leschter Woch huet d’Moonbird-Crew 7 Booter mat méi ewéi 380 Persounen u Bord gesinn – mat fënnef Missiounen:

  • Zwee Booter goufe vun der libysche Küstewuecht illegal zeréckgeschleppt, dovunner war ee Boot aus der maltesescher  Sich- a Rettungszone. Ausserdeem gouf hier Fligercrew Zeie vun zwou Réckféierungen, bei deenen d’Mënsche schonn s u Bord vu Schëffer vun der libescher Küstewuecht war;
  • Zwee Booter goufe vun der Louise Michel gerett a ginn elo vun der Sea-Watch 4 iwwerholl;
  • Ee Boot mat ongeféier 40 Persoune koum eegestänneg zu Lampedusa un;
  • Ee Boot huet Sizilien erreecht – no enger zimlech bedenklecher Interventioun vu maltesesche Sträitkräft, déi amplaz Mënschen ze retten, Schwammweste verdeelt hunn an d’Boot a Richtung Italien geleet hunn;
  • Ee Boot mat 25 Persounen u Bord gouf e Freide gesinn, mä wat mat dësen Mënschen passéiert ass, ass bis elo onbekannt.
Sea-Watch 4

Sea-Watch / Facebook

Och a griichesche Lager sëtzen Dausende vu Persoune fest. Aktuell kënnt et zu éischten Evakuéierunge wéinst Corona-Fäll. Et befanne sech méi ewéi 350 Mënschen op Rettungsschëffer, déi net u Land gelooss ginn.

D’Situatioun ass nawell dramatesch – an einfach ewechkucken hëlleft kengem. Déi däitsch Regierung leent d’Hëllef vu Länner a Kommunen of!

Hei awer nach eng flott Initiative: Vum 5. bis zum 7. September rifft d’Bündnis Seebrücke all Bierger dozou op, Still fir Mënschen, déi op der Flucht ëm hiert Liewe kämpfe virun d’Gemeng ze stellen. D’Still sollen d’Opnamkapazitéite symboliséieren. Dir kënnt och Fotoe vun de Still doheem maachen – an se ënnert dem Hashtag #LeaveNoOneBehind #WirHabenPlatz posten.

Sea-Watch 4

Seebrücke / Twitter

Opmaacherbild: © Hannah Wallace Bowman / MSF

Related topics Banksy, Dokteren ouni Grenzen, Flüchtlingen, Lampedusa, Louise Michel, Palermo, Rettungsschëff, Sea-Watch4, sécheren Hafen, Seebrücke, Séinout, Sizilien, Update
Next post Previous post