Neit Sea-Watch Schëff am Asaz

Dat neit Sea-Watch-Schëff Aurora huet well an hirem éischten Asaz iwwer 80 Mënsche gerett. Mat der Hëllef vun The Med – Alarmphone a RESQSHIP konnt d’Crew d’Persounen a Séinout sécher u Bord bréngen. Do ginn se elo beschtméiglechst versuergt.

An der Tëschenzäit muss ee sécheren Hafe fonnt ginn.

D’Aurora ass ee brittescht 14 Meter laangt Rettungsschëff, dat speziell fir den Asaz am Mëttelmier ëmgerëscht gouf. Dës weideren ass et ee vun de schnellste Schëffer vun der ziviller Flott am Mëttelmier. Dëst ass d’Äntwert op Stierweloosse virun den Diere vun Europa.

Et ass esou, datt all Séinoutfall eng Course géint d’Zäit ass. Kënnt ee matzäiten un? Dofir soll et endlech Zäit ginn, datt Europa hirer Flicht nokënnt. Oder muss nach Schlëmmeres passéieren?

Update: D’Schëff huet mëttlerweil ee sécheren Hafen zu Lampedusa. Si kënne vu Bord goen.

Dernières nouvelles