Search

You may also like

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft
International Neiegkeeten

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft

Mëtt Mäerz huet déi franséisch Regierung, mat déi drastescht Moossnamen

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
International Neiegkeeten

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

AliExpress – legal, illegal?
International Neiegkeeten

AliExpress – legal, illegal?

AliExpress ass bestëmmt jidderengem ee Begrëff. Déi chinesesch Plattform ass

Crimes of Malta – Neiegkeete vun der Sea-Watch

Crimes of Malta – Neiegkeete vun der Sea-Watch

An der éischter Hallschent vum Joer 2020 hunn déi maltesesch Autoritéiten dacks Verstéiss géint d’Uechtung an de Schutz vun de Rechter vu Geflüchten a Migrant*innen op Séi begaangen.

Ënnert hirer Koordinatioun goufe Mënschen zeréck op Libyen gedrängt – e Land am Krich, an deem Geflüchten a Migrant*inne systematesch mëssbraucht ginn. Datt net op hier Noutriff reagéiert gouf, huet Mënschen a Gefor bruecht ze erdrénken. A Mënschen, déi gerett goufen, gouf d’Ausschëffung verweigert. Si goufe wochelaang u Bord vu private Schëffer festgehalen.

Ufank September huet e Bericht vun Amnesty International dokumentéiert, ewéi Malta Mënscherechtsverletzungen am zentrale Mëttelmier bedriwwen huet.

MaltaSea-Watch / Facebook

Déi 10 Mënscherechtsverletzungen

An der Rei #CrimesOfMalta goufen an 10 Wochen 10 Mënscherechtsverletzungen dokumentéiert, si kënne vum festgesate Fliger Moonbird bezeit ginn. D’Fallrekonstruktioune gi politesch a philosophesch op taz blogs begleet.

E maltesesche Fliger lotst déi sougenannte Libysch Küstewuecht zu engem Séinoutfall. E bësse méi spéit gëtt vun engem Pull-Back a Richtung Libyen erzielt. Gouf déi illegal Réckféierung vu Malta koordinéiert? Et wär net déi éischte Kéier …

MaltaSea-Watch / Facebook

De 14. Juli 2020:

D’Moonbird-Crew héiert zoufälleg, ewéi e Fliger e puermol d’Patrouilleboot

“Ras Jadar” vun der Libyscher Küstewuecht kontaktéiert. Dem Akzent an dem Sproochgebrauch no ze uerteelen, handelt et sech ëm e maltesesche Fliger, wat déi Libysch Küstewuecht opfuerdert, no Norden ze fueren. Mat “follow, follow”, “go, go” a wéinst der Distanz gëtt d’Patrouilleboot gedrängt bei dëse Séinoutfall ze fueren. Op Nofro vum libysche Schëff bestätegt de maltesesche Fliger, et weider ze begleeden.

MaltaSea-Watch / Facebook

Méi spéit beriichten UNHCR an IOM iwwer eng Réckféierung a Libyen, aner Stelle bestätegen, datt d’Küstewuechtschëff “Ras Jadar” d’Mënschen zeréckgeschleppt hunn.

Dës Kooperatioun vun engem maltesesche Fliger mat der sougenannter Libysche Küstewuecht zur Koordinéierung vun engem illegale Pull-Back stellt eng weider Mënscherechtsverletzung am Mëttelmier duer, déi ouni den Opklärungsfliger Moonbird net gesi gi wier.

Déi maltesesch Sträitkräft hunn de Motor vun engem Boot a Séinout provisoresch reparéiert, fir d’Mënschen zum Weiderfueren ze beweegen an d’Flicht zur Hëllefsleeschtung op Italien ofzeschieben.

Vum 11. bis 12. August 2020:

Den 11. August huet d’Moonbird een Holzboot, wat an der maltesescher Sich- a Rettungszone gedriwwen huet bemierkt. Keen Passagéier hat eng Rettungswest un. Een Dag méi spéit huet d’Crew d’Boot erëm gesinn, dës Kéier hate verschidde Persounen eng Weste un. Een Handelsschëff gouf vu Malta geuerdert, an der Géigend ze waarden. Och en Patrouillenboot war net wäit ewech an huet e Schnellboot an d’Waasser gelooss.

Spéider ass d’Moonbird erëm op der Plaz a gesäit, ewéi dat maltesescht Schëff a Richtung Norde fiert. Bei der drëtter Siichtung un dësem Dag  fiert d’Schnellboot vun de maltesesche Sträitkräft erëm bei d’Holzboot. Mëttlerweil droen all Passagéier Rettungswesten.

E Fliger vun der italienescher Küstewuecht an eis Moonbird-Crew ginn Zeien, wéi sech déi maltesesch Sträitkräft um Motor vum klengen Holzschëff ze schafe maachen. D’Boot kann esou a Richtung Lampedusa weiderfueren an gëtt owes vun der italienescher Küstewuecht gerett an op d’Insel bruecht.

Maltasea-watch.org

Vum 13. bis 14. Februar 2020:

34 Mënschen u Bord vun engem Holzboot a Séinout hunn bei Watch the Med – Alarm Phone ugeruff, fir de Fall de malteseschen Autoritéiten ze mellen. De selwechten Owend goufen all Schëffer an der Géigend iwwer de Séinoutfall benoriichtegt an opgefuerdert, sech un déi maltesesch Rettungsleetstell ze wenden. Mä Malta huet näischt ënnerholl fir de Mënschen ze hëllefen.

Een Dag dono huet den Opklärungsfliger Moonbird d’Boot, wat nach ëmmer an der maltesescher Sich- a Rettungszone gedriwwen huet, nach eemol probéiert d’Autoritéiten ze informéieren. An dunn endlech, no 8 Stonnen nodeem AlarmPhone d’Autoritéiten déi éischte Kéier iwwer de Fall informéiert haten, ass dunn awer nach e Schëff vun de maltesesche Sträitkräft komm an huet d’Mënsche gerett an op Malta bruecht.

Leider war dat eréischt den éischten Deel, déi nächst Mënscherechtsverletzunge sinn an e puer Deeg online! Et wäert ni en Enn huelen …

17. bis 19. Juni 2020:

E Boot mat 25 Mënschen ouni Rettungswesten u Bord ass säit e puer Deeg an der maltesescher Sich- a Rettungszone gedriwwen. Souwuel déi italienesch, ewéi och déi maltesesch Autoritéite goufe vun der Moonbird-Crew iwwert d’Persounen a Séinout informéiert, mä keen huet e Schëff zur Rettung geschéckt.

Den drëtten Dag huet d’Crew fënnefmol probéiert, déi fir de Fall zoustänneg maltesesch Rettungsleetstell unzeruffen. Bei kengem Uruff koum et zu engem Informatiounsaustausch, well den Offizéier entweder beschäftegt war oder den Telefon direkt agehaangen huet.

D’Mënsche goufe schliisslech illegalerweis ënnert der Koordinéierung vu Frontex vun der tunesescher Küstewuecht gerett an och dohinner bruecht. Opgrond vun engem feelenden Asylsystem a schwéiere Mënscherechtsverletzunge géigeniwwer bestëmmte Gruppen an der Gefor vu Kettenofschiebunge vu Persounen déi Asyl sichen, kann Tunesien leider net als „Place of Safety“ ugesi ginn.

Déi ënnerloossen Hëllefsleeschtung vu Malta, nach dobäi bei engem Séinoutfall an der eegener Sich- a Rettungszone, verstéisst géint d’Vëlkerrecht- a ganz besonnesch géint d’Séirecht.

Leider gëtt et och en Doudesaffer ze bekloen. Säin Numm war Abou, hien hat 15 Joer a koum vun der Elfebeeküst. No der Rettung duerch @openarms_fund hunn déi italienesch Autoritéiten hien – trotz sengem schlechte Gesondheetszoustand – op e Quarantäneschëff bruecht. Mä aplaz en ze behandelen, ass den Abou stierwe gelooss ginn!

Opmaacherbild: Sea-Watch / Facebook

Related topics Crimes of Malta, Dokumentatioun, Flüchtlingen, illegal Réckféierung, libysch Küstewuecht, Mënscherechtsverletzungen, Moonbird-Crew, Sea-Watch, Séinoutrettung
Next post Previous post