Search

You may also like

money
Index vun de Konsumpräisser
International Neiegkeeten

Index vun de Konsumpräisser

Déi Lëtzebuerger Legislatur gesäit vir, datt all Joers d‘Gewiichtung vun

Humanitär Hëllef: 5 ONG’en hunn hire Kaderaccord erneiert
International Neiegkeeten

Humanitär Hëllef: 5 ONG’en hunn hire Kaderaccord erneiert

Fënnef ONG’en hunn, a Presenz vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an

Et ass nees esouwäit: Vollekszielung
International Neiegkeeten

Et ass nees esouwäit: Vollekszielung

Am Kontext vun der Sëtzung vum Regierungsrot ee Freideg, hunn

Sea-Watch: Iwwer 1.000 Mënschen am Mëttelmier gestuerwen

Sea-Watch: Iwwer 1.000 Mënschen am Mëttelmier gestuerwen

E Méindeg war den Internationalen Dag vun de Vermëssten. An dësem Kader huet Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Watch den Doudegen a Vermëssten am zentrale Mëttelmier geduecht. An dësem Joer si schonn 1.094 Mënschen ëm d’Liewe komm. Dobäi ass d’Donkelziffer nach méi héich.

Si hunn d’Hoffnung op e séchert, neit a bessert Liewe mam Dout bezuelt – den Iwwergang iwwert d’Mëttelmier soll keng Léisung a scho guer keen Auswee fir verzweiwelt Famillje sinn. Dës Affer, sinn d‘Resultat vun der onmënschlech an déidlecher Grenzpolitik vun der EU. Si hunn mol keen Numm méi. Mat de Jore sinn dës Doudeg a Vermëssten nëmmen nach eng verblatzten Erënnerung. Hannerbliwwener vergiessen de Mënsch a seng Doten net – wann där iwwerhaapt iwwereg bliwwe sinn.

Sea Watch
Sea-Watch / Facebook

Déi lescht Woch war nawell turbulent fir den Opklärungsfliger Seabird. D’Crew war an zwee Virfäll involvéiert – aus der Loft eraus, hunn si no Iwwerliewende gesicht. Allerdéngs hunn si doudeg Kierper fonnt, déi warscheinlech ni gebuergen oder identifizéiert ginn. A mat all Dag gëtt d’Lëscht vun den Europa-Affer méi grouss!

Dës weideren huet d’Seabird een eidelt Holzboot entdeckt, wéi d’Crew op der Plaz ukomm ass, war dëst scho gekentert. Glécklecherweis konnten sech 11 Persounen zeréck op d’Boot retten, 5 weider waren am Waasser ze gesinn. Fuerchtbar dorunner ass, datt zwee Handelsschëffer an der Géigend hier Hëllef verweigert huet – och nom offiziellen Noutruff.

Ma, komescherweis huet et keng zwou Stonne gedauert, bis datt déi sougenannten libesch Küstewuecht op der Plaz war. Mat der Hëllef vum Handelsschëff ASSO 25 konnten d’Mënsche gebuerge ginn. Ma sinn se elo sécher? Bestëmmt net!

D’Crew vun der Seabird huet matkritt, datt déi Iwwerliewend an d’Patrouillenboot vun der Küstewuecht geleet gi sinn. Domat ass hiert Schicksal ongewëss, fest steet nëmmen, datt si erëm illegal an hiert Krichsland bruecht ginn.

Dës weideren konnt d’Crew vun der Seabird wärend engem weideren Asaz 24 Persoune registréieren, déi vun de Wellen ofgedriwwe goufen. Bekannt ass och, datt 35 Persoune vun der sougenannter libescher Küstewuecht ofgefaange gouf. Entweder Libyen zerstéiert hier zerbriechlech Séil elo komplett, oder si komme beim nächste Fluchtversuch ëm d’Liewen.

Wann een all dës Nouvelle liest, freet een sech firwat der Europäescher Unioun dës Mënscheliewen an hier Rechter sou egal sinn. Ass et méi kamoud? Kënnen si roueg schlofen – mat deem Wësse wéi vill Mënscheliewen si um Gewëssen hunn? Wat muss nach passéieren, datt dës onmënschlech Politik sech verännert?

5,6 Milliarden Euro – dat ass de Montant, dee Frontex sech bis 2027 an d’Täsch stieche kann. A mat dëse Sue gëtt kee Cent fir d’Mënscherettung agesat. Et ass aarmséileg. D’Resultat vun der Loftopklärung ass erschreckend

Och d’Moonbird ass zur Zäit op der Sich no Booter, déi ënnerwee sinn a séier Hëllef brauchen. Dobäi ginn och Mënscherechtsverletzungen dokumentéiert. Kommen si mat Zäiten op de richtege Plazen un? Et bleift ze hoffen. Op jiddwer Fall géingen duerch dës Fligeren, net esou vill Booter entdeckt ginn – an illegal Réckféierunge kënne verhënnert ginn.

Dofir ass den Asaz aus der Loft genee sou wichteg, wéi deen um Waasser – esou gëtt d’Ëffentlechkeet iwwert d’Zoustänn am zentrale Mëttelmier informéiert. Dat muss sinn. Éiweg d’Aen zoumaachen ass keng Optioun.

Opmaacherbild: Sea-Watch / Facebook

Related topics Dag vun de Verschwonnenen, Doudeger, Frontex, Mëttelmier, Sea-Watch, Seabird, Séinoutrettung, Vermësster
Next post Previous post