Search

You may also like

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. August bis den 3. September 2021
International Neiegkeeten

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. August bis den 3. September 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt

E Freideg hunn 125 Membere vum Personal vun der Stad

Lager 188 – Tambow: Expo an de Verrirère vun der Stater Gare
International Neiegkeeten

Lager 188 – Tambow: Expo an de Verrirère vun der Stater Gare

Um 5. November lescht Joer huet de 75. Commemoratiounsdag zum

Sea-Watch fërdert d’ SEA-EYE 4: Wie Guddes mécht, kritt Guddes zeréck

Sea-Watch fërdert d’ SEA-EYE 4: Wie Guddes mécht, kritt Guddes zeréck

Tëscht de Séinoutrettungsorganisatioune Sea-Watch a Sea-Eye gëtt et eng grouss Solidaritéit. D’Rëttungsschëff SEA-EYE 4 ass, nodeems den Ëmbau zu Rostock ofgeschloss gouf, erëm am Mëttelmier ënnerwee. Duerch déi aktuell Corona-Pandemie sinn d’Aarbechten um Schëff méi lues viru gaangen, ma d’Sécherheetsmoossnamen anhalen, hunn och gréisser Käschte mat sech bruecht.

Wie Guddes mécht, kritt Guddes zeréck. Datt dëse Saz der Wourecht entsprécht huet Sea-Watch mat enger solidarescher Aktioun gewisen. Mat ronn 550.000 Euro gëtt Sea-Eye ënnerstëtzt. Dës Zomm konnt dozou bäidroen, datt d’SEA-EYE 4 den néidegen Ufuerderungen entsprécht. Elo kënnen si erëm Liewe rette goen.

„Zemools a Krisenzäite mussen mir zesummenhalen a weisen, wat praktesch Solidaritéit wierklech heescht. Well Europa léisst d’Mënsche weider am Mëttelmier erdrénken an behënnert zivil Rettungsequippen un hirer Aufgab. An grad dofir muss all Rettungsequippe am Mëttelmier mobiliséiert ginn. Mat der Sea-Eye 4 start e weidert solidarescht Schëff an den Asaz. Mir freeën eis, datt mir mat eisen Ënnerstëtzer*innen een Deel dozou bäidroe kënnen. De Kampf ëm d’Mënschen am Mëttelmier gëtt zesumme fortgesat,“ seet d’Marlene Lippmann, Leedung vum Fundraising Sea-Watch.

„Duerch déi grouss Solidaritéit vun eisem Bündnispartner Sea-Watch ass Sea-Eye nees op Kurs. Elo gëtt mat enormer Konzentratioun weider dru geschafft, fir genuch Spende fir de ganzjärege Rettungsbetrib unzewerben“, seet de Gordon Isler Virsëtzender vun Sea-Eye eV.

Opmaacherbild: D’SEA-EYE 4 an Aktioun am Mëttelmier © sea-eye

Related topics Corona, Ëmbau, Mëttelmier, Pandemie, SEA EYE 4, Sea Eye e.V., Sea Watch, Séinoutrettung, Solidaritéit, Zesummenhalt
Next post Previous post