Search

You may also like

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
International Neiegkeeten

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

[onionbuzz quiz-id=190][/onionbuzz] Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun

China: Eemol Mound… hin an zréck
International Neiegkeeten

China: Eemol Mound… hin an zréck

Viru wéinege Wochen hunn d‘Chinese d‘Moundsond „Chang‘e“ op den Äerdtrabant

Sea-Watch: 3 Froen un de Bord-Ingenieur Jakob

Sea-Watch: 3 Froen un de Bord-Ingenieur Jakob

Den Jakob ass als Engineur u Bord vun der Sea Watch 3. Als geléierten Schëffsmechaniker kann hien direkt agräifen a mathëllefen, fir datt d’Rettungsschëff esou séier wéi méiglech erëm op eng Missioun fueren kann.

Firwat bass du u Bord vun der Sea-Watch 3?

Fir datt d’Sea-Watch 3 schnellstméiglech erëm an den Asaz fuere kann, ginn ëmmer hëllefend Hänn gesicht. Fir mech ass et an dësem Moment méi wichteg hei ze sinn, wéi mäin Studium weiderzeféieren. Als geléierten Schëffsmechaniker ass d’Sea-Watch 3 déi Plaz, wou ech direkt Hëllef leeschte kann.

Wat ass fir dech dat Besonnescht u sou enger Werftzäit?

D’Mënschen, déi hei mat souvill Asaz um Schëff schrauwen. Gréisstendeels maachen si dat éierenamtlech. Dat Schéinst ass, datt um Schëff sou vill Mënschen aus aller Welt mat ënnerscheedlechen Fäegkeeten zesummen kommen, déi vuneneen léieren a sech mateneen fir dat, wat noutwenneg ass, asetzen.

Wat muss sech fir 2021 veränneren?

Europa muss ophalen, seng Grenzen héichzezéien. Net nëmmen Europa, mee och all déi aner. Sea-Watch läscht Bränn. Mir mussen endlech d’Ursaachen besäitegen, déi d’Mënschen zur Flucht zwéngen: Kapitalistesch Gier, Ignoranz an Ausbeutung.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Äntwerten, Bord-Ingenieur, Froen, Jakob, Schëffsmechaniker, Sea Watch 3, Séinoutrettung
Next post Previous post