Search

You may also like

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!
International Neiegkeeten

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!

D’Hygiènesmesuren a sanitär Reegelen si jo iergendwéi schonn zur Gewunnecht

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou
International Neiegkeeten

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen

De Budget fir 2020 steet
International Neiegkeeten

De Budget fir 2020 steet

Gëschter hu se an der Chamber erwaardungsgeméiss de Budget 2020

Si hunn eng Missioun a sollten ënnerstëtzt ginn

Sea Watch - d'Noutwennegkeet enger ziviller Flüchtlingsrettung op dem Mëttelmier ass offensichtlech; an dofir hëlt d'Organisatioun d'Initiative selwer an d'Hand.

Sea-Watch e.V. ass eng gemengnëtzeg Initiative, déi sech der ziville Séinoutrettung am zentrale Mëttelmier verschriwwen huet. Duerch déi unhalend a a staatlech initiéiert humanitär Katastroph leeschten si akut Nouthëllef. Si fuerdere forcéiert Rettungsasätz duerch déi zoustänneg europäesch Institutiounen a stinn ëffentlech fir legal Fluchtweeër souwéi Beweegungsfräiheet an een solidarescht Europa an. Sea-Watch ass politesch a reliéis onofhängeg a gëtt just duerch Spende finanzéiert.

Sea-Watch 4 start zum éischte Rettungsasaz

D’Séinoutrettungsschëff Sea-Watch 4 hat de Samschden, den 15 August 2020 den Hafe vu Burriana (Spuenien) verlooss an ass um Wee an d’Sich- an d’Rettungszonen. Et ass momentan dat eenzegt Schëff, wat um Mëttelmier ass Asaz ass. Et ass e Projet vun United4Rescue, Sea-Watch an Dokteren ouni Grenzen. De Kaf vum Schëff gouf am Januar 2020 vun United4Rescue erméiglecht.

No den néidegen, duerch d’Coronavirus-Pandemie gestoppten Ëmbauaarbechten, konnt Sea-Watch 4 elo d’Werft am spuenesche Burriana verloossen an ass um Wee an d’Asazgebitt vun den internationale Gewässer viru Libyen. Den Asaz gëtt operativ geleet an duerch Dokteren ouni Grenzen medezinesch ënnerstëtzt. Mat der Sea-Watch gëtt et déi éischte Kéier eng Missioun vun ziviller Séinoutrettung.

Den Asaz vun Sea-Watch gëtt vun engem breeden zivilgesellschaftleche Bündnis gedroen: Iwwer 550 Partner ënnerstëtzen United4Rescue aktuell.

“D’Lag virun der libyscher Küst ass nach ëmmer dramatesch”, seet den Michael Schwickart von United4Rescue. “Dofir sinn mir frou, datt onst Schëff endlech op dem Wee an d’Gebitt ass, fir Mënschen aus Séinout ze hëllefen.”

Säit iwwer 6 Woche sinn keng zivil Rettungskräft méi a Sich- a Rettungszonen am Asaz, bal all aktive Rettungsschëffer sinn wéinst angeblecher Sécherheetsmängel an Italien festgesat a ginn mat net erfëllbaren Oplagen um Asaz gehënnert. Eleng an dëse 6 Wochen hunn zivil Opklärungsfligere vun der Sea-Watch am zentrale Mëttelmier iwwer 1500 Persounen an Nout dokumentéiert, méi ewéi 3500 Mënschen woen déi geféierlech Iwwerfaart. Dat huet déi Internationalen Organisatioun fir Migratioun (IOM) gesot.

A ville vun dëse Fäll goufen d’Mënschen duerch déi Libysch Küstewuecht rechtswiddreg zeréck op Libyen bruecht.

“Säit Woche gi vill Schëffer ënnert absurde Virwërf vum Retten ofgehalen, an dat wärend Mënschen am Mëttelmier ëm hiert Liewe kämpfen”, seet de Chris GrodotzkiSpriecher vu Sea-Watch u Bord vun der Sea Watch 4.

Datt d’Sea Watch 4 elo ausleeft ass eng kloer Uso un d’Europäesch Unioun:

Mir halen net op ze retten, soulaang Dir Mënschen zur Ofschreckung erdrénke loosst!

Et ass nawell eng heldenhaft Initiative – Respekt! Dofir sinn ech ëmsou méi schockéiert, verschidde Kommentaren an de sozialen Netzwierker ze liesen:

  • Si si kriminell Schlepper a gehéieren an de Prisong.
  • Aus dem Verkéier zéien – direkt!
  • Dir lénk Dreemer

Do kann engem dach schonn d’Gal eropkommen.

Awer och:

  • Et ass wonnerbar, datt Dir dat maacht – an datt et wierklech passéiert.
  • Merci fir den Asaz!
  • Dir maacht dat Richtegt. Ech sinn stolz op Iech a Gott wäert mech Iech sinn.
  • Merci fir Är Aarbecht!

D’Redaktioun wënscht der daperer Ekipp e rouegt Mier, wéineg Tëschefall a Courage. Einfach ass et net!

Foto: © Dokteren ouni Grenzen / Sea-Watch4-Crew

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Mëttelmier, MSF, Sea-Watch, Sea-Watch4, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post