Search

You may also like

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem
International Neiegkeeten

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

Esou geet sech dat Ganzt net op
International Neiegkeeten

Esou geet sech dat Ganzt net op

Nodeems schon déi chrëschtlechsozial Gewerkschaft, déi der Familljeministesch vum EuGH-Urteel

Och Wierder kënne wéidoen!
International Neiegkeeten

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an

Sea-Watch: 3 Froen un de Bord-Kapitän Nils

Sea-Watch: 3 Froen un de Bord-Kapitän Nils

Den Nils ass Kapitän u Bord vun der Sea-Watch 3. Well déi aktuell onmënschlech Politik vun der EU net dozou féiert, datt d’Situatioun am Mëttelmier sech verbessert, hëlleft hie mat, fir datt d’Rettungsschëff esou séier wéi méiglech zréck an den Asaz kann.

Firwat brauch ee Schëffer wéi d’Sea-Watch 3?

Et sollt een dës Schëffer eigentlech net brauchen. Et ass eng Schan fir d’EU, datt et eis muss ginn. Europa soll sech agestoen, datt déi aktuell onmënschlech Politik net dozou féiert d’Situatioun am Mëttelmier ze verbesseren – de Géigendeel ass de Fall.

Firwat ass d’Sea-Watch 3 eng speziell Plaz fir dech?

D’Rettungsschëff lieft duerch dat zuelräicht Engagement vu ville Fräiwëllegen. Et stellt eis zwar virun déi eng oder aner Erausfuerderung, mee et mécht wansinneg vill Spaass, mat den ënnerschiddleche Mënschen ze schaffen, déi fräiwëlleg u Bord kommen, fir sech ze engagéieren.

Wat ass däi Message un déi europäesch Autoritéiten?

Datt Europa anerer dofir bezuelt, Mënschen zeréck a Libyen ze bréngen, ass offensichtlech keng Léisung. Europa muss endlech ophalen, un dëser Politik festzehalen. Mir sollten eis éischter solidaresch weisen – mat Mënschen op der Flucht, awer och mat den südeuropäesche Länner, déi vum Rescht vun Europa eleng gelooss ginn.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Bord-Kapitän, Mëttelmier, Nils, onmënschlech Politik, Sea-Watch 3, Séinoutrettung
Next post Previous post