Search

You may also like

Komplizéiert Chambersessioun fir déi gréng
International Neiegkeeten

Komplizéiert Chambersessioun fir déi gréng

Fir déi gréng war d‘Chambersessioun 2019/20 eppes turbulent, an et

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch
International Neiegkeeten

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch

Vum 8. September bis den 30. September erwaarden Iech 6 Kënschtler an der

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues

Lëtzebuerg, Europa, jo déi ganz Welt geréit aus de Fugen,

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet, ass hatt elo Crew Chief fir d’Loftopklärungsmissioun vu Sea-Watch.

“Ech sinn der Meenung, datt d’Uerteel iwwert d’Schicksal vun engem Mënsch net op Séi gefält sollt ginn, wann ee ganz verzweiwelt ass, mee op der Grondlag vu Mënscherechtsgesetzer a professionellen Erkenntnisser iwwer de Verbleif vun enger Persoun. Soulaang déi Europäesch Unioun hirer Verantwortung zum Erhale vun dëse Rechter net nokënnt, ass et wichteg, aner Acteur*innen ze ënnerstëtzen.”

Wat ass deng Aufgab bei Sea-Watch?

Als Crew Chief erleedegen ech vill kleng Aufgaben, déi d’Team all Dag ënnerstëtzen. Esou gëtt eng angeneem Aarbechtsëmgéigend geschaf.

Wat géings du am léifsten an dëser Welt veränneren?

Ech géing gäre gesinn, datt ausbeuteresch an imperialistesch Muechtstrukture friddlech eliminéiert an duerch Systemer ersat ginn, déi ee Fortschrëtt a Richtung gläicher Liewenschancen an engem anstännege Liewens- an Iwwerliewensstandard fir all Mënschen an d’Natur erméiglechen.

Wéi géings du anerer dovunner iwwerzeegen, aktiv ze ginn?

Ech mengen, datt jiddereen op positiv Verännerungen an der Famill, der Community oder dem sozialen Ëmfeld dränge kann, andeems een e Bewosstsinn schaaft, Problemer zur Sprooch bréngt an als Virbild virgeet – een deen no héijer Moral, Toleranz, Géigesäitegkeet a Virsuerg handelt.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Liewensstandart, Loftopklärung, Mënscherechter, Moral, Sea-Watch, Séinoutrettung, Toleranz, Vanessa
Next post Previous post